
Am Kader vun der Europameeschterschaftsqualifikatioun koum et um Donneschdeg zu Jerewan zum Duell tëscht Armenien an dem grousse Favorit aus Italien. Ma et sollt awer d’Lokalformatioun sinn, déi sech an der 11. Minutt feiere loosse konnt. Den Alexandre Karapetyan, dee vun 2013 bis zum Enn vun der leschter Saison 5 Joer a Lëtzebuerg aktiv war an hei ënnert anerem fir den F91 Diddeleng, Rouspert a dem Progrès Nidderkuer um Terrain stoung, konnt de Ball hei am Filet ënnerbréngen. De Favorit aus Italien konnt an der 28. duerch den Andrea Belotti allerdéngs den Ausgläich markéieren.
Kuerz virun der Paus stoung de Karapetyan dann eng zweete Kéier am Mëttelpunkt. Duerch seng zweete giel Kaart vum Owend huet de Spiller vu Sotchi misse fréizäiteg dusche goen, sou dass et fir d’Armenier iwwert eng Halbzeit nëmme nach zu 10 weidergaange war.
D’Italiener waren nom Säitewiessel déi dominant Ekipp a sou waren et de Pellegrini an der 77. Minutt an de Belotti an der 80. Minutt, déi fir déi dräi Punkte fir Italien suerge konnten. Mat 15 Punkte steet Italien och weiderhin un der Spëtzt vum Grupp J, dëst ouni bis ewell ee Punkt ze verléieren.