Jeunesse EschArnaud Bordi hält Enn der Saison als Trainer op

RTL Lëtzebuerg
Aus dem nationale Futtball ass et d'Nouvelle, datt d'Jeunesse Esch sech fir déi nei Saison een neien Trainer muss sichen.
© RTL Archiv

Den aktuelle Mann op der Bänk, den Arnaud Bordi, huet dem Club matgedeelt, net weider ze maachen. Aktuell steet d‘Ekipp vun der Grenz op der 10. Plaz an der Tabell an huet weder d‘Chance nach op déi europäesch Plazen ze kommen, awer och keng Gefor méi no ënnen.

En Nofollger fir de Bordi steet bis ewell nach net fest.

RTL-News (7.5.24): Jeunesse Esch: Kontrakt vum Trainer Arnaud Bordi ëm zwee Joer verlängert

Back to Top
CIM LOGO