D'Jeunesse Esch deelt mat, datt den aktuellen Trainer Arnaud Bordi säi Kontrakt ëm zwee Joer verlängert huet.

Et hofft een un déi erfollegräich Zesummenaarbecht aus der Vergaangenheet kënnen unzeknäppen.
"Mir si ganz frou, dass mir mat deem Staff verlängere konnten, deen eng exzellent Leeschtung bruecht huet. No enger schwiereger Hironn hu si d'Ekipp mental, wéi physesch rëm opgebaut. Den Arnaud ass dee richtegen Trainer an him steet eng super Trainer-Karriär an den nächste Jore "bevir"." Esou de Marc Theisen, President vun der Jeunesse Esch.

Den Arnaud Bordi seet "d'Diskussioune si roueg ofgelaf mat der Perspektiv, d'Aarbecht, déi am Joer 2024 opgestallt gouf, ze konsolidéieren. Fir de Staff a mech war et logesch, déi ugefaangen Aarbecht weiderzeféieren, mat der Erausfuerderung, déi nei Saison ze preparéieren a se vun Ufank un unzegoen. D'Zil ass et, d'Kontinuitéit ze garantéieren, wärend mir eis a bestëmmte Beräicher verbesseren. Mir wëllen, dass sech de Grupp weider entwéckelt, fir nach besser ze ginn."