FuttballArno Bonvini net méi Trainer zu Munneref, dofir elo am Jugendberäich vum F91

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Futtball ass et d'Nouvelle datt den Arno Bonvini net méi Trainer vun der US Munneref ass.

Hien huet beim F91 Diddeleng een neien Challenge ugeholl a wäert do an Zukunft am Centre de Formatioun ee Rôle iwwerhuelen a mat der Jugend schaffen. Eisen Informatiounen no soll den Arno Bonvini awer net a Fro kommen, fir d’éischt Ekipp vum F91 ze trainéieren, hie wëll sech just op d’Aarbecht am Jugendberäich konzentréieren.

Back to Top
CIM LOGO