
Am Grupp B huet Arsenal eng wichteg Victoire zu Sevilla gefeiert. En 1:1-Remis gouf et tëschent Lens an Eindhoven.
Bayern München hat am Grupp A dogéint Krämpes zu Istanbul, huet sech awer mat 3:1 géint Galatasaray duerchgesat. Manchester United konnt sech knapp géint Kopenhagen behaapten.
D’Favoritten Neapel a Real Madrid hunn hir Matcher am Grupp C géint Union Berlin a Braga fir sech entscheet.
Am Grupp D gouf et eng 2:1-Victoire fir Inter géint Salzburg. Benfica huet dogéint knapp géint Real Sociedad verluer. D’Spuenier leie punktgläich mat Inter un der Spëtzt vun der Tabell.
Sevilla - Arsenal 1:2
0:1 Martinelli (45+4'), 0:2 Jesus (53'), 1:2 Gudelj (59')
Béid Ekippe sinn am Süde vu Spuenien mat vill Elan an d’Partie gaangen. D’Gäscht hu probéiert de Match ze maachen an haten no 8 Minutten eng grouss Golchance. De Martinelli ass am Strofraum awer um Nyland hänke bliwwen. Op der anerer Säit huet den Ocampos just laanscht de Gol geschoss. An der Suite huet sech de Match virun allem tëschent béide Strofraim ofgespillt. Weder Sevilla nach Arsenal ass et gelongen, sech kloer Méiglechkeeten erauszespillen. Besonnesch am leschten Drëttel huet de Gäscht d’Prezisioun am Passspill gefeelt. Et huet bis an d’Nospillzäit gedauert, éier Sevilla déi grouss Chance op d’Féierung net genotzt huet. Dem En-Nesyri säi Ball ass knapp laanscht de Gol gaangen. D’Heemekipp stoung elo héich a gouf op der anerer Säit kal erwëscht. No enger flotter Eenzelleeschtung huet de Jesus de Martinelli an Déift geschéckt. De Stiermer huet dem Nyland keng Chance gelooss an Arsenal 1:0 vir bruecht.
Nom Säitewiessel huet Arsenal Sevilla weider ënner Drock gesat. Nodeems den Ödegaard nach iwwert de Gol geschoss hat, huet de Jesus et an der 53. Minutt besser gemaach an den 2:0 markéiert. D’Spuenier si 5 Minutte méi spéit duerch e Corner nees zréck an de Match komm. De Gudelj hat mat engem Kappball op 1:2 verkierzt. Sevilla war elo waakreg an huet Arsenal an der eegener Hallschent beschäftegt. De Match ass ëmmer méi hektesch ginn an den Arbitter huet déi eng oder aner Kéier d’giel Kaart misse weisen. An der Schlussphas huet Sevilla offensiv alles probéiert, e Gol sollt awer net méi falen. Um Enn hu sech d’Englänner knapp awer net onverdéngt mat 2:1 zu Sevilla behaapt.
Lens - PSV Eindhoven 1:1
0:1 Bakayoko (55'), 1:1 Wahi (65')
Galatasaray - Bayern München 1:3
0:1 Coman (8'), 1:1 Icardi (30', Eelefmeter), 1:2 Kane (73'), 1:3 Musiala (79')
Manchester United - Kopenhagen 1:0
1:0 Maguire (72')
Braga - Real Madrid 1:2
0:1 Rodrygo (17'), 0:2 Bellingham (61'), 1:2 Djalo (63')
Union Berlin - Neapel 0:1
0:1 Raspadori (65')
Inter Mailand - Salzburg 2:1
1:0 Sanchez (19'), 1:1 Gloukh (57'), 2:1 Calhanoglu (64', Eelefmeter)
Benfica - Real Sociedad 0:1
0:1 Mendez (63')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.