
Arsenal - Manchester City 2:0
1:0 Aubameyang (19'), 2:0 Aubameyang (71')
Vun Ufank un huet Manchester City kloer gemaach, dass sie de Match bestëmme wëllen. Mat ronn 80% Ballbesëtz hat et Arsenal schwéier fir an de Match ze fannen. No enger véierel Stonn sinn d’Gunners dann awer ëmmer besser ginn. An der 19. Minutt huet de Pepe de Ball vun der Säit op den Aubameyang ginn, dee virum Golkipp d’Nerve behalen huet an d’Lokalekipp a Féierung brénge konnt. Nom Géigegol krut sech City net méi richteg gefaangen a sou huet Arsenal de Match bestëmmt.
Nom Säitewiessel war et dann eng ausgeglache Partie am Wembley-Stadium. D’Gäscht wollten eng Äntwert op de Réckstand fannen a waren dem Gol och zimlech no, ma nees ass Arsenal de Gol gelongen. Den Aubameyang konnt sech an der 71. Minutt am Laafduell géint de Garcia duerchsetzen a mat engem Schoss duerch d’Been vum Golkipp op 2:0 erhéijen. An de leschte Minutte vum Match hunn d’Haushären dann disziplinéiert verteidegt an hu sou näischt méi zougelooss. Manchester City ass et net méi gelongen de Réckstand opzehuelen a sou zitt Arsenal mat enger 2:0-Victoire an d’Finall vum FA Cup an.
Norwich - Burnley 0:2
0:1 Wood (45+2'), 0:2 Godfrey (80')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Verona - Atalanta 1:1
1:0 Zapata (50'), Pessina (59')
Cagliari - Sassuolo 1:1
0:1 Caputo (12'), 1:1 Joao Pedro (63')