Europa LeagueArsenal, Valencia, Inter an Chelsea komme weider

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend waren an der Europa League d'Retourmatcher vun de 1/16-Finallen.
© PAU BARRENA / AFP

An déi nächst Ronn vun der Europa League sinn FC Arsenal, FC Valencia, SSC Neapel, Zenit St. Petersburg, Dinamo Zagreb, FC Villarreal, RB Salzburg, Inter Mailand, FK Krasnodar, Benfica, Stade Rennes, Dynamo Kiew, FC Chelsea, Inter Mailand a Slavia Prag.

Arsenal - Bate Borissow 3:0 (Allersmatch 0:1)

Direkt an der 4. Minutt ass den 1:0 fir den FC Arsenal gefall, dat duerch e Selbstgol vum Volkov. An der 39. Minutt war et dunn de Mustafi, deen nach virun der Paus op 2:0 erhéije konnt. An der 60. Minutt huet d’Ekipp aus England de Sak dann zougemaach, dat mam 3:0 vum Sokratis. Arsenal huet deemno d’Defaite aus dem Allersmatch nees gutt gemaach a steet an de 1/4-Finallen.

Eintracht Frankfurt - Schachtar Donezk 4:1 (Allersmatch 2:2)

An der éischter Halschent huet Frankfurt direkt Drock op Donezk gemaach a konnt an der 23. Minutt schonn den 1:0 duerch den Jovic markéieren. Nëmme 4. Minutte méi spéit huet et nees am Gol vun Donezk gerabbelt, dat duerch en Eelefmeter vum Haller.

An der 2. Halschent konnt Donezk awer du verkierzen, dat duerch e Gol vum Moraes an der 64. Minutt. An der 80. Minutt war et dunn awer nees den Haller, dee fir Frankfurt getraff huet, sou dass et kuerz viru Schluss 3:1 fir déi däitsch Ekipp stoung. An der 88. Minutt ass dunn den decisive 4:1 gefall, dat duerch e Gol vum Rebic. Domadder ass Frankfurt eng Ronn weider.

Salzburg - Brügge 4:0 (Allersmatch 1:2)

Ganz kloer ass dann och Salzburg weider, dat mat engem kloren 4:0. An der 11. Minutt schonn gouf et en Eelefmeter, ma deen huet den Dabbur awer verschoss. An der 17. Minutt war et awer dunn den 1. Gol am Spill, dat vum Schlager. An der 29. Minutt an an der 43. Minutt setzt den Deka dann nach den 2:0 an den 3:0 virun der Paus fir Salzburg. An der 2. Halschent ass vu béiden net méi vill komm, ma an der 94. Minutt ass et Salzburg dunn awer nach gelongen de 4:0 ze markéieren, dat mat engem Gol vum Dabbur.

Betis Sevilla - Rennes 1:3 (Allersmatch 3:3)
Stade Rennes huet direkt an den éischte Minutten Drock gemaach. An der 22. Minutt trëfft de Bensebaini 1:0 fir Rennes, kuerz drop (30. Minutt) ass et den Hunou, deen op 2:0 erhéicht. Ma kuerz virun den éischte 45. Minutte verkierzt de Lo Celso vu Sevilla op 1:2.

An der 2. Halschent ass et dunn a Saache Goler méi roueg bliwwen. Eréischt an der Nospillzäit (94. Minutt) geléngt dem Niang nach den 3:1 fir Rennes. Betis Sevilla gouf domadder iwwerraschend eliminéiert.

Leverkusen - Krasnodar 1:1 (Allersmatch 0:0)

An den éischte 45. Minutten ass et kenge vu béiden Ekippe gelongen, e Virsprong virun der Paus erauszehuelen, sou dass et hei bei engem 0:0 bliwwen ass. An och an der 2. Halschent vum Match sinn d’Goler laang ausbliwwen. An der 84. Minutt ass et dunn awer de Suleymanov, dee Krasnodar mat 1:0 sécher an déi nächste Ronn bréngt. Ma nëmmen 3 Minutten drop ass et den Aranguiz, dee fir Leverkusen trëfft an ausgläicht. Aus Sicht vu Leverkusen ass dëst awer net duergaangen, fir eng Ronn weiderzekommen, dat well Krasnodar mam Gol zu Leverkusen en Auswäertsgol huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Europa League

Back to Top
CIM LOGO