
An der La Liga a Spuenien stoung um Samschdeg de leschte Spilldag um Programm. Atlético Madrid a Real Madrid waren nach déi zwou Ekippen, déi fir de Meeschtertitel a Fro koumen. Mee béid Ekippen huet een ugesinn, datt et ëm vill geet a soumat hu sech béid Ekippe schwéier gedoen.
An der 18. Minutt ass Atlético Madrid géint Real Valladolid a Réckstand geroden. Quasi zäitgläich ass awer och Real Madrid géint Villareal a Réckstand geroden. Déi Kinneklech hunn awer misse gewannen, fir iwwerhaapt nach den Atlético kënnen anzefänken. An der zweeter Hallschent konnt Atlético Madrid de Match dann awer nach dréinen, dat duerch Goler vum Correa a Luis Suarez. Mat dëser Victoire huet Atlético dann och guer net méi missen op den aneren Terrain kucken, wou Real Madrid sech um Enn mat 2:1 géint Villareal duerchgesat huet, a gewënnt fir déi 11. Kéier de Championstitel an der La Liga.
Mat der 3. a 4. Plaz an domadder fir d’Champions League qualifizéiert hu sech den FC Barcelona an den FC Sevilla. Real San Sebastian a Villareal konnte sech fir d’Europa League qualifizéieren a Villareal fir d’Europa Conference League.
An d’Segunda Divsion falen Huesca, Eibar a Real Valladolid.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga