ALL GOLER AM VIDEO: Champions LeagueAtlético wënnt verdéngt géint Juve, City wënnt 3:2 géint Schalke

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend stoungen déi zwee lescht Allersmatcher vun den Aachtelsfinallen an der Champions League um Programm.
© AFP

Hei konnt sech Atlético Madrid verdéngt mat 2:0 géint Juventus Turin behaapten a Schalke verspillt an Iwwerzuel eng 2:1-Féierung géint Manchester City a verléiert um Enn 2:3.

LINK: Alleguerten d’Resultater aus der Champions League am Iwwerbléck

Atlético Madrid - Juventus Turin 2:0

VIDEO: D'Highlights vum ganze Match tëscht Atlético a Juventus
Déi beschten Zeenen aus dem Allersmatch.

Den Champions-League-Finalist vun 2014 an 2016 krut e Mëttwoch den Owend Besuch vum Tabellenéischten aus Italien. Deemno war e Match op héijem Niveau eigentlech virprogramméiert. An der Ufanksphas hu béid Formatiounen dann och direkt probéiert, d’Kontroll ze iwwerhuelen. Souwuel d’Haushären ewéi och d’Gäscht hunn et ëmmer erëm probéiert, aus enger kompakter Defense eraus zu gudde Chancen ze kommen. An der 9. Minutt war d’Juve dunn eng éischte Kéier geféierlech, dat duerch ee Fräistouss vum Cristiano Ronaldo, ma den Oblak am Gol konnt de Ball paréieren.

An der Ufanksphas ass et op béide Säiten awer nëmme geféierlech ginn no rouende Bäll, esou och an der 12. Minutt, wou de Chiellini no engem Corner vum Pjanic de Ball iwwert de Gol gekäppt huet.

No 15 Minutten huet dunn och den Szczęsny eng éischte Kéier missen zougräifen, dat no engem stramme Schoss aus der zweeter Rei vum Partey. De polnesche Golkipp konnt de Ball awer festhalen.

No 27 Minutten huet de Video-Assistent dunn eng éischte Kéier missen agräifen, well den däitschen Arbitter, de Felix Zwayer hat op Eelefmeter entscheet no engem Zweekampf tëscht de Diego Costa an dem De Sciglio. Dës Decisioun gouf awer widderruff an et gouf just Fräistouss. Dësen huet de Griezmann geschoss an do huet den Szczęsny eng Parad misse weisen.

Et war bis heihinner een aggressiven an ëmkämpfte Match, wou wéineg Spillfloss opkomm ass an esou si wéineg Highlighten entstanen. Wann et emol geféierlech ginn ass dann no Fräistéiss oder Distanzschëss. Och am Uschloss sollt et esou bleiwen an domat ass et ouni Goler an d’Paus gaangen.

An der 50. Minutt hat Atlético Madrid dunn eigentlech eng 100 prozenteg Chance. No engem Feeler vum Chiellini huet de Griezmann den Diego Costa an d’Déift geschéckt. Den Szczęsny am Gol ass esouguer nach ausgerutscht, mä de Spuenier huet de Ball ganz falsch geroden an esou ass säi Schoss laanscht de Gol gaangen.

D’Ekipp aus der spuenescher Haaptstad huet elo richteg opgedréint an hat nëmme kuerz drop eng weider ganz déck Chance. De Koke huet de Ball an d’Spëtzt op de Griezmann ginn, ma de Lupfer vum franséischen Nationalspiller sollt net eragoen, well den Szczęsny de Ball nach mat de Fangerspëtzten op d’Lat gedréckt krut.

Juventus Turin war absolut net gutt an dës zweet Hallschent erakomm an offensiv hu si éischter mat Feelpasse geglänzt ewéi mat Kreativitéit.

An der 70. Minutt hat Atlético Madrid sech du bal belount fir hiert Engagement an dëser zweeter Hallschent. No enger Flank vum Felipe Luis hat den agewiesselte Morata de Ball an de Gol gekäppt. Do huet sech awer nees de Video-Assistent gemellt: de Morata hat de Chiellini virum Kappball an de Réck gedréckt an dofir huet de Gol dunn awer net gezielt. Et wier dem Morata säin éischte Gol fir Atlético gewiescht.

An der 78. Minutt war et dunn nawell esou wäit: den 1:0 fir Atlético Madrid. No engem Corner koum de Morata zum Kappball, de Mandzukic konnt de Kappball blocken, ma vun him ass de Ball widder de Bonucci geflunn, deen um Buedem louch. Op eemol louch de Ball virum Gimenez an den Inneverteideger vun Atlético huet de Ball dunn aus kuerzer Distanz erageschoss.

Den 1:0 fir Atlético Madrid duerch de Gimenez
Den Nationalspiller aus Uruguay konnt no engem Duercherneen am Strofraum aus kuerz Distanz treffen.

An der 83. Minutt huet dunn esouguer nach deen aner Inneverteideger getraff an dat och mam Fouss. No engem Fräistouss ass et nees de Mandzukic, deen de Ball onglécklech ofblockt a virun d’Féiss vum Godin leet, deen aus spatzem Wénkel treffe konnt.

Den 2:0 fir Atlético Madrid duerch de Godin
Den Defenseur vun Atlético Madrid stoung genau richteg a konnt den 2:0 fir seng Ekipp markéieren.

Bis zum Schluss sollt et bei dësem Resultat bleiwen an domat war et um Enn eng wuel verdéngte Victoire fir d’Spuenier, déi an der zweeter Hallschent komplett dominéiert hunn. Vu Juventus Turin war et eng ganz schwaach Partie an déi musse sech elo fir de Retour eng afale loossen.

VIDEO: Béid Goler vun Atlético Madrid mat Kommentar
De Gimenez an de Godin hu fir d’Haushäre getraff.

FC Schalke 04 - Manchester City 2:3

Resumé Schalke 04-Manchester City
Schalke verléiert a leschter Minutt mat 2-3 geint Man City

Nodeems bis heihinner keen däitsche Veräin an den Aachtelsfinalle vun der Champions League iwwerzeege konnt, war Schalke als drëtten däitsche Vertrieder e Mëttwoch den Owend gefuerdert. Allerdéngs krut ee Besuch vum Tabelleleader aus der englescher Premier League. Manchester City ass richteg gutt a Form a si wollten onbedéngt ee gutt Resultat mat heem huelen. Dees war sech och de Schalke-Trainer Domenico Tedesco bewosst an dofir huet hien um Pabeier 6 Defenseuren opgestallt.

An dat zu Recht, well d’Citizens hu vun Ufank u richteg Drock gemaach. Si hunn déi Kinneksblo an hir eegen Hallschent gedréckt an hunn de Ball gutt an den eegene Rei lafe gelooss. An der 7. Minutt hate si dunn eng éischt gutt Chance, wou eng Flank vum David Silva genau um Kapp vum Agüero gelant ass. De Fährmann am Gol konnt de Kappball awer iwwer d’Lat drécken.

18 Minutte laang huet d’Defense vu Schalke duergehalen, ma an der 19. Minutt war de Ball dunn awer am Gol an do hunn d’Haushären nawell uerdentlech gehollef. No enger Réckpass op de Fährmann huet dësen eng ganz schlecht Pass op de Sané gespillt, déi vum David Silva interceptéiert gouf. De Spuenier huet virum Golkipp eriwwergeluecht op den Agüero an deen huet den eidele Gol och getraff. Et war fir den Argentinier säi 34. Gol a senger Karriär an der Kinneksklass. Säin éischte Gol an dëser Kompetitioun hat hien am Joer 2008 markéiert an dat och géint Schalke, deemools awer nach am Dress vun Atlético Madrid.

City war weiderhin immens dominant, ma no enger schlechter Konterattack koum Schalke zu enger éischter gudder Chance duerch de Marc Uth. De Schoss vum Schalke-Spiller goung allerdéngs knapps laanscht de Potto.

An der 38. Minutt konnt Schalke dunn awer ausgläichen. No engem Schoss aus der Distanz war den Otamendi am eegene Strofraum mat der Hand un de Ball komm an nom Asaz vum Video-Assistent gouf et dunn och den Eelefmeter. Hei huet den Nabil Bentaleb den Ederson an de falschen Eck geschéckt a konnt esou op 1:1 stellen.

A kuerz virun der Paus konnt d’Lokalekipp de Match esouguer dréinen an a Féierung goen an dat op en Neits duerch een Eelefmeter. Bei engem Fräistouss hat de Fernandinho de Sané op de Buedem gezunn an den Arbitter huet nees direkt op de Punkt gewisen. Déi Kéier war den Ederson wuel am richtegen Eck, ma de Schoss vum Bentaleb war ze placéiert. De Bentaleb also ee séchere Buteur, wann et ëm Eelefmeter geet. All 15 Eelefmeter, déi hie fir säi Veräi geschoss huet, sinn eragaangen. Esou goung Schalke iwwerraschend mat enger 2:1-Féierung an d’Paus.

Nom Säitewiessel hunn d’Englänner dunn nees direkt Drock gemaach an haten och direkt eng gutt Chance duerch den De Bruyne, ma och dee Schoss war net cadréiert.

D’Citizens hunn elo ëmmer weider Drock opgebaut, ma zu richtege Golchancë si si net komm, dat well d’Jonge vum Domenico Tedesco hanne ganz kompakt stoungen a kaum eng geféierlech Pass zougelooss hunn. Vu Schalke war an dëser Phas offensiv guer näischt méi ze gesinn, well déi hu sech komplett an déi eegen Hallschent zeréckgezunn.

Weiderhi sollt bei Manchester City awer méi schifgoen ewéi gutt. Vun der 68. Minutt u ware si nämlech nëmmen nach zu 10. Do huet den Otamendi nämlech no engem Foul um Burgstaller déi giel-rout Kaart gesinn. Déi éischt hat hie kritt, ewéi hien een Eelefmeter verursaacht hat.

Ma och an Ënnerzuel war Manchester City weider beduecht, offensiv ze spillen an de Wee nees zeréck an dëse Match ze fannen. Déi blo Mauer, déi sech allerdéngs virum Fährmann opgebaut huet, sollt dës Aufgab net einfach maachen.

Et sollt herno dann awer esou kommen, ewéi et sou dacks geet. Den agewiesselte Leroy Sané, dee seng éischt Schratt als Profi bei Schalke gemaach huet, huet an der 85. Minutt mat engem wonnerschéine Fräistouss den Ausgläich markéiert.

Bei dësem Remis sollt et awer net bleiwen, well an der 90. Minutt konnt Manchester City dunn tatsächlech nach eemol zouschloen, dat a Persoun vum Raheem Sterling. Esou dréinen d’Citizens tatsächlech nach an Ënnerzuel de Match a kënne sech iwwer eng 3:2-Victoire freeën.

Back to Top
CIM LOGO