
FC Augsburg - TSG Hoffenheim 1:0
De Gol fir Augsburg ass eréischt an der 88. Minutt gefall, dat no engem Corner vum Engels. De Jensen konnt um 2. Potto de Ball iwwert d’Linn drécken. Et war déi drëtt Heemvictoire fir Augsburg hannerteneen. Doduerch ka sech den FCA elo e bësse vun Hoffenheim ofsetzen an der Tabell an huet elo 24 Punkten. Hoffenheim bleift bei 19 a riskéiert um Enn vum Spilldag nach méi déif am Keller ze stoen.
AJ Auxerre - Olympique Lyon 2:1
De Favorit vu Lyon huet eng batter Auswäertsnéierlag mussen astiechen. Duerch d’Victoire vun Auxerre behalen dës d’Hoffnung an der Ligue 1 ze bleiwen. Lyon war an der 36. Minutt duerch de Moussa Dembelé a Féierung gaangen. An der 51. Minutt konnt de Gaëtan Perrin via Eelefmeter den 1:1 schéissen a just 2 Minutte méi spéit trëfft de Jubal zum 2:1 fir Auxerre. D’Heemekipp konnt deen Avantage iwwert d’Zäit retten a sammelt 3 wichteg Punkte géint den Ofstig.
FC Girona - UD Almeria 6:2
E reegelrechte Gol-Festival gouf et um Freideg den Owend a Spuenien tëscht dem FC Girona an UD Almeria. No den éischte 45 Minutte stoung et scho 4:0 fir Girona. Déi zweet Hallschent ass u sech mat engem 2:2 op en Enn gaangen, ma an der Additioun war et dann awer e 6:2 fir Girona. Déi 8 Goler goufen iwwerdeems vun 8 verschiddene Spiller geschoss.
Sassuolo Calcio - SSC Neapel 0:2
Den Tabelleleader aus der Serie A huet déi 20. Victoire no 23 Spilldeeg konnte feieren a kënnt elo op 62 Punkten. Duerch Goler vum Kvaratskhelia a vum Osimhen stoung et um Enn 2:0 fir Neapel.
Den Tabellenzweeten Inter Mailand spillt e Samschdeg géint Udinese. Inter huet schonn 18 Punkte Réckstand op Neapel.