
Zu Paräis koum et e Sonndeg den Owend wärend an no der Champions-League-Finall zu Ausernanersetzungen tëscht Supporter an der franséischer Police.
Eng 5.000 Persounen hunn d’Finall virum Stadion vum PSG suivéiert. Scho wären den 90 Minutte war d’Stëmmung ugespaant. An der zweeter Hallschent hunn dunn d’Ausernanersetzungen ugefaangen an hu bis an d’Nuecht era gedauert.
Randaléierer hunn dobäi an de Stroosse vu Paräis Autoen a Brand gesat, Fënstere vu Geschäfter futti gemaach an och Butteker verwüüst. Donieft goufen d’Sécherheetsautoritéiten mat Fläschen a Pyrotechnik attackéiert. D’Autoritéiten hunn hirersäits Tréinegas agesat.
Um Enn goufen 148 Persounen interpelléiert. Donieft goufe 404 Verwarnungen ausgesprach, well d’Leit kee Mask unhaten. An der Géigend vun de Champs-Elysées huet eng Bar missen evakuéiert an zougemaach ginn, well hei keng Sécherheetsmesuren agehale gi waren.
Op verschiddene Plaze ronderëm de Stadion och d’Champs-Elysées goufen e Sonndeg den Owend Maske verdeelt. D’Agence Régionale de Santé Île-de-France hat 20.000 Stéck gratis zur Verfügung gestallt.
Well een am Viraus mat Ausernanersetzunge gerechent hat a fir d’Sécherheetsmesuren a Punkto Coronavirus ëmzesetzen war de Sécherheetsdispositif e Sonndeg den Owend zu Paräis änlech grouss wéi op Silvester. 3.000 Polizisten, Gendaarmen an Zaldoten an 300 Pompjeeë waren am Asaz.