
Déi 37 Joer al Rachael Gunn, och “Raygun” genannt, war weltwäit zu enger Witzfigur ginn, nodeems hire Känguru-inspiréierten Optrëtt an der Sportaart “Breakdance” de Jury net beandrockt hat. Hir Beweegunge waren am Internet parodéiert ginn, et gouf de Geck mat hirem Jogging gemaach an Dausende Breakdance-Fans hu sech gefrot, wéi si et an d’Ekipp fir d’Olympesch Spiller gepackt hat.
Ma elo konnt sech d’"Raygun” awer fir de Spott revanchéieren, wéi si vun der World Dance Sport Federation (WDSF) zu der beschter Breakdancerin op der Welt ernannt gouf - dat op d’mannst temporär.
D’Klassement baséiert op de véier beschte Leeschtungen an de leschten 12 Méint. De Verband betount awer, datt d’Resultater vun de Qualifikatiounskompetitioune fir d’Olympesch Spiller souwéi d’Leeschtung bei den Olympesche Spiller selwer, bei deenen d’Rachael Gunn net iwwerzeege konnt, wéinst enger limitéierter Athletequot net mat an d’Klassement agefloss wieren. Doriwwer eraus hätte “vill Athleten nëmmen een eenzegt Kompetitiounsresultat, dat zu hirem Ranking bäidréit”, well tëscht Dezember 2023 an de Summerspiller nëmmen e puer Evenementer fir d’Klassement organiséiert gi waren.
An deem Zäitraum hat d’"Raygun” déi ozeanesch Kontinentalmeeschterschaft gewonnen, wat hir 1.000 Punkte bruecht hat. Zwar hat d’Japanerin “B-Girl Riko” fir hir Victoire bei der Gold Series zu Hongkong am Dezember 2023 och 1.000 Punkte kritt, ma d’WDSF klasséiert d’Kompetitioun vun der Gunn méi héich an.
Der “Raygun” hir Zäit un der Spëtzt vum Welt-Klassement dierft awer net all ze laang daueren. D’World Series geet am Oktober zu Shanghai weider an hir Punkten aus der Kontinentalmeeschterschaft verfalen Enn dës Mounts.
