“Et war déi bal perfekte Partie”, sot de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz e Mëttwoch den Owend nom 0-1 a leschter Sekonn, am Frëndschaftslännermatch zu Malaga géint Norwegen. Elo heescht e Sonndeg den Owend vu 6 Auer un den nächste Géigner vun de Roude Léiwen Schottland. Bei der FLF-Formatioun hat ee gehofft, déi Partie schonn am neien nationale Stadion kënnen ze spillen, dorausser ass jo näischt ginn. Op mannst kënnen awer nees 1000 Spectateuren op der Arelerstross Live dobäi sinn.
An dat ass eppes, dat de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz natierlech freet, well Kompetitiounssport op deem Niveau, mécht ee jo och fir seng Supporter:
“Mat Zuschauer gëtt et natierlech och nees direkt eng ganz aner Atmosphär, an ech denken och fir de Spiller, et ginn der déi méi Drock kréien, an et ginn der déi doduerch nach méi Motivatioun kréien.”
Manner frou ass den FLF-Nationaltrainer awer, datt dat neit Doheem vun de Roude Léiwen op der Cloche d’Or elo am Juni nach ëmmer net fäerdeg ass: “Natierlech sinn net nëmmen ech traureg, mä och d’Spiller. De Stadion ass extrem schéin, an d’Spiller hunn eng enorm Virfreed fir dran ze spillen. Wann d’Virfreed ze laang dauert gëtt et Frust.”
Zu Malaga huet d’Ekipp ronderëm de Kapitän Laurent Jans bis an d’Nospillzäit den 0-0 géint d’Norweger mam Erling Harland gehalen, bis de Starstiermer zougeschloen huet. Mat Schottland kënnt elo nees e physesch staarke Géigner op d’FLF-Formatioun duer.
No der Partie e Sonndeg geet et fir d’Rout Léiwen an d’Summerpaus, éiert dann am September d’Weltmeeschterschaftsqualifikatioun ufänkt. Fir d’Schotte geet et awer net an d’Vakanz mä op d’Europameeschterschaft, an do heeschen d’Géigner Tschechien, England an Kroatien.
De Match Lëtzebuerg-Schottland gëtt wéi gesot e Sonndeg den Owend um 6 Auer am Stade Josy Barthel ugepaff. RTL ass Live mam Radio, der Tëlee an dem Internet fir Iech um Ball.