TriathlonAxel Baumans gewënnt den Triathlon zu Iechternach

RTL Lëtzebuerg
Déi beschte Lëtzebuerger Triathlete waren aus ënnerschiddleche Grënn net um Depart. Bei den Damme wënnt d’Haitske Overbeek.
Axel Baumans gewënnt de Triathlon zu Iechternach
Déi beschte Lëtzebuerger Triathlete waren aus ënnerschiddleche Grënn net um Depart.

Joerzéngtelaang huet den Depart an d’Arrivée vum Iechternacher Triathlon sech am Agang vum Séi ofgewéckelt. Dëst Joer hunn d’Organisateure sech e Site op der entgéintgesater Säit erausgesicht. Och d’Bloalgen hunn dem Organisateur Kappzerbrieches gemaach. Et war eng extra Maschinn am Asaz.

Mam Axel Baumans huet sech en Triathlete vu Format an de Palmarès vum Iechternacher Triathlon ageschriwwen. De belschen Athlet hat 2017 eng ETU- an ITU-Kompetitioun gewonnen, ier 2 Accidenter eng Brems an d’Entwécklung ageluecht haten.

Scho beim Wiessel vum Schwammen op de Vëlo hat den Axel Baumans 3 Minutte 40 Avance opzeweisen. Dësen Ecart huet hien um Vëlo bis op 10 Minutten ausgebaut, ier du Mokrämp wärend dem Lafen derzou bäigedroen hunn, dass den Ecart net méi weider gewuess ass.

Vun eise beschte Lëtzebuerger Triathlete war keen um Depart, sief et Covid bedéngt, Courssen am Ausland oder Participatioun um Sprint-Triathlon-Championnat, deen iwwregens vum Bob Haller, virum jonken David Lang gewonne gouf. Du war de Wee fräi fir den Nicolas Descamps, dee selwer iwwert seng Plaz als beschte Lëtzebuerger iwwerrascht war.

Et ware relativ vill Leit um Iechternacher Séi ënnerwee, ma den Interessi um Triathlon huet sech a Grenze gehalen.

Back to Top
CIM LOGO