Champions LeagueBarcelona an Arsenal stinn an de Véierelsfinallen

RTL Lëtzebuerg
Barcelona huet 3:1 am Retourmatch géint Neapel gewonnen. Arsenal war Porto 4:2 nom Eelefmeterschéissen iwwerleeën a steet och an der nächster Ronn.
© Lluis Gene / AFP

Um Dënschdeg Owend stounge weider Retourmatcher vun den 1/8-Finallen an der Champions League um Programm.

Nom 1:1 am Allersmatch huet sech Barcelona am Retourmatch gesteigert a sech duerch en 3:1-Succès géint Neapel fir den nächsten Tour qualifizéiert. Zwee fréi Goler vu Fermin a Cancelo hunn de Spuenier an d’Kaarte gespillt a si hunn de Virsprong trotz dem séieren 2:1-Uschlossgol vun Neapel net ofginn. De Lewandowski huet ronn 8 Minutte viru Schluss de Match mat sengem Gol entscheet.

An der zweeter Partie sollt d’Entscheedung réischt nom Eelefmeterschéisse falen. No der 0:1-Defaite am éischte Match stoung et tëschent Arsenal a Porto no 120 Minutten 1:0 fir d’Gunners duerch e Gol vum Trossard. Am Eelefmeterschéisse war d’Reussite op der Säit vun Arsenal. Um Enn hu sech Gunners mat 4:2 géint Porto duerchgesat.

Barcelona - Neapel 3:1

1:0 Fermin (15'), 2:0 Cancelo (17'), 2:1 Rrahmani (30'), 3:1 Lewandowski (83')

D'Goler vun der Partie Barcelona géint Neapel.
Barcelona qualifizéiert sech duerch den 3:1 am Retourmatch fir d'1/4-Finalle vun der Champions League.

Barcelona huet am eegene Stadion mat vill Elan ugefaangen. No knapp 50 Sekonnen huet de jonke Yamal iwwert de Gol geschoss. D’Heemekipp hat méi Ballbesëtz an huet sech Chancen erausgespillt. An der 12. Minutt hat de Fermin no engem laange Ball déi grouss Geleeënheet op den éischte Gol, säi Schoss war awer net cadréiert. Knapp dräi Minutte méi spéit huet hien et awer besser gemaach. No enger flotter Aktioun iwwer lénks stoung de Mëttelfeldspiller eleng am Strofraum an huet an de Gol getraff. D’Gäscht ware geschockt an hunn an der 17. Minutt den zweete Géigegol missen astiechen. No engem Konter huet de Raphinha nach de Potto getraff, de Cancelo konnt am Noschoss op 2:0 setzen.

An der Suite sollt sech Barcelona zréckzéien a gouf direkt fir déi Passivitéit bestrooft. Neapel huet sech iwwer riets duerchkombinéiert an no enger flotter Pass an d’Mëtt huet de Rrahmani den Uschlossgol markéiert. D’Italieener waren elo besser am Match an no engem Kappball vum di Lorenzo huet den Ter Stegen misse paréiere, fir den Ausgläich ze verhënneren. Op béide Säiten ass mat vill Tempo no vir gespillt ginn, e weidere Gol sollt am éischten Duerchgang net méi falen.

Nom Säitewiessel ass et direkt mat de Golchancë weidergaangen, de Kvaratskhelia huet awer knapp laanscht de Gol geschoss. Neapel huet Barcelona elo fréi ënner Drock gesat, huet doduerch der Heemekipp hannen awer méi Raim gelooss. De Raphinha huet seng Chance leie gelooss. No der 65. Minutt huet den Drock vun den Italieener nogelooss a Barcelona ass nees besser an de Match komm. No engem Corner huet den 3:1 vum Yamal wéinst enger Abseitspositioun net gezielt. Kuerz drop huet de Meret dem Gündogan säi Schoss misse paréieren. Neapel huet an der Schlussphas nach eng Kéier alles probéiert. Ronn 10 Minutte viru Schluss goung dem Lindström säi Kappball awer knapp laanscht de Gol. An der 83. Minutt sollt dunn d’Entscheedung falen. No enger Pass vum Sergi Roberto huet de Lewandowski mat sengem Gol den Deckel op d’Partie gemaach. Neapel hat näischt méi dogéint ze setzen a Barcelona huet sech no der Victoire am Retourmatch fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert.

Arsenal - Porto 4:2 n.E.

1:0 Trossard (41')

De Resumé vum Match Arsenal géint Porto.
Arsenal konnt sech um Enn réischt nom Eelefmeterschéissen duerchsetzen.

No der 0:1-Defaite am Allersmatch louch den Drock ganz kloer bei Arsenal. Porto huet sech awer net hannendra gestallt a probéiert, mat propperem Opbauspill no vir ze spillen. Arsenal ass lues a lues méi staark ginn huet awer éischt Méiglechkeeten net genotzt. Porto huet sech gutt gewiert a konnt sech och Chancen erausspillen. An der 22. Minutt ass den Evanilson um Raya hänke bliwwen. An der 41. Minutt ass den éischte Gol fir d’Heemekipp gefall. Den Ödegaard huet den Trossard am Strofraum fräigespillt an dee konnt aus spatzem Wénkel den 1:0 markéieren. Mat deem Resultat sollt et an d’Kabinne goen.

An der 2. Hallschent war et eng Partie op Aenhéicht an där béid Ekippen hir gutt Chancen net genotzt hunn. Arsenal hat dobäi Pech, well de Gol vum Ödegaard wéinst engem Feeler net gezielt huet. Op Säite vu Porto huet virun allem de Conceicao seng Chance net genotzt. An der Schlussphas war Arsenal méi staark, Porto konnt sech awer an d’Verlängerung retten.

An der Verlängerung ass an der éischter Phas net vill geschitt. D’Heemekipp hat méi Ballbesëtz, Porto huet mat Kontere probéiert, geféierlech virun de Gol ze kommen. Gutt Méiglechkeete sinn dobäi net erausgesprongen. An der 110. Minutt hunn d’Englänner sech an de Strofraum kombinéiert, dem Saka säi Schoss gouf awer geblockt. Et war déi lescht Chance, éier et an d’Eelefmeterschéisse goe sollt. Do sollt Porto zwee Eelefmeteren net erakréien, soudass Arsenal sech mat 4:2 duerchsetze konnt. De Raya konnt 2 Eelefmetere paréieren.

All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO