Lëtzebuerger Futtball am AuslandBatteren Owend fir Christopher Martins a Vincent Thill

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend waren d'Ekippe vun de Lëtzebuerger Nationalspiller Christopher Martins a Vincent Thill am Asaz.
© pressphoto Archiv

Iwwerdeems de Christopher Martins bei de Young Boys Bern wéinst enger Blessur net spille konnt, stoung de Vincent Thill fir Orléans um Terrain.

Och wann de Christopher Martins net gespillt huet, war et nawell ee ganz battert Resultat fir hien. Nodeems si an de Playoffs vun der Champions-League-Qualifikatioun den Allersmatch doheem 2:2 géint de Roude Stär Belgrad gespillt hunn, gouf et en Dënschdeg den Owend e weidere Remis, woumat d’Young Boys, opgrond vun den Auswäertsgoler, de Sprong an d’Gruppephas vun der Kinneksklass verpassen. Domat musse si sech mat enger Participatioun an der Gruppephas vun der Europa League zefridde ginn. D’nämmlecht war et jo och schonns dem Gerson Rodrigues mat senger Ekipp Dynamo Kiew gaangen. En Donneschdeg kéinte sech weider Lëtzebuerger fir dës Gruppephas qualifizéieren. Do spillt den F91 Diddeleng nämlech heiheem géint Ararat aus Armenien an de Vahid Selimovic ass mat Apollon Limassol am Asaz géint de PSV Eindhoven.

De Vincent Thill war da mat senger Ekipp Orléans an der Coupe de la Ligue am Asaz an do huet de jonke Lëtzebuerger eng gutt Performance gewisen. An der Ronn vun de leschten 32 goung et géint Le Mans an do hat et u sech gutt ausgesinn. De Scheidler hat Orléans schonns no 7 Minutte a Féierung bruecht an deeselwechte konnt an der 53. Minutt souguer op Virlag vum Vincent Thill den 2:0 markéieren. Dono ass dat Ganzt dunn awer aus dem Rudder gelaf an an der 85., respektiv 90. Minutt krute si nach 2 Goler geschoss. Spéiderhin am Eelefmeterschéisse konnt de Vincent Thill säin Eelefmeter eraschéissen, ma et sollt nawell näischt hëllefen, well um Enn war et d’Ekipp vu Le Mans, déi gewonnen huet.

Back to Top
CIM LOGO