Bundesliga Bayern a Leipzig nëmmen nach 1 Punkt hannert Gladbach

RTL Lëtzebuerg
Bayern München klappt Düsseldorf däitlech mat 4:0, Leipzig klappt Köln a Gladbach verléiert géint Union Berlin, bleift awer weider Leader.

Nodeems d’Borussia aus Dortmund um Freideg den Owend no engem 0:3-Réckstand zur Paus géint Paderborn net iwwer een 3:3 Remis erauskoum war, war um Samschdeg d’Suite vum 12. Spilldag.

Paderborn an Dortmund spille gläichDéi weider Resultater vum Internationale Futtball fannt Dir hei.

12. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Düsseldorf - Bayern München 0:4
0:1 Pavard (11'), 0:2 Tolisso (27'), 0:3 Gnabry (34'), 0:4 Coutinho (70')

Den däitsche Rekordmeeschter aus München war zu Düsseldorf gewëllt, den Ausrutscher vun Dortmund auszenotzen. No 11 Minutten hat et och gutt fir si ausgesinn. No enger Pass vum Kimmich an den Zentrum, war et de Pavard, deen nach mat der Foussspëtzt un de Ball koum war, a soumat fir d’Féierung fir d’Münchener suerge konnt.
D’Ekipp vum Interim Hansi Flick op der Trainerbänk war och no der Féierung déi iwwerleeën Ekipp. An der 27. Minutt war et ee Feeler vum Steffen am Gol vun Düsseldorf, deen de Ball net konsequent kläre konnt, deen den 2:0 ageleet hat. No enger Pass vum Gnabry an de Strofraum war et um Enn den Tolisso, deen de Ball aus knapp 16 Meter an de Gol setze konnt.
Düsseldorf hat zäitweis iwwerfuerdert gewierkt, an d’Münchener hunn den Tempo weider héich gehalen. Nach virun der Paus konnt de Gnabry, deen aktuell an enger ganz staarker Form ass, mat sengem Gol an der 34. Minutt fir eng kleng Virentscheedung suergen.

Nom Säitewiessel haten d’Münchener den Tempo e bëssen erofgesat, ma si sollten de Score awer nach eng Kéier eropsetzen. No enger Pass vum Lewandowski an de 5-Meter-Raum hat de Müller de Ball laanschtgelooss a sou hat de Coutinho keng Méi méi, fir de Ball iwwert d’Linn ze drécken.
Dëst sollt och de Schlusspunkt sinn. D’Münchener récke soumat bis op ee punkt u Gladbach erun, déi géint Union Berlin verluer haten.

Union Berlin - Gladbach 2:0
1:0 Ujah (15'), 0:2 Andersson (90'+1)

De Leader aus Gladbach gouf zu Berlin um falsche Fouss erwëscht. An der 15. Minutt konnt den Ujah de Ball no enger Flank vum Ingvartsen an de Filet setzen, dëst nodeems Gladbach an der Ufanksphas déi kloer dominéierend Ekipp war. Dëse Réckstand hat déi Gladbacher scheinbar geschockt. No der dominanter Ufanksphas war et duerno een ausgeglachene Match, Gladbach hat et ëmmer erëm probéiert, ma d’Männer vun Union hu gutt dogéint gehalen.
Virun allem am leschte Véierel huet et bei Gladbach un der néideger Reussite gefeelt.
An der Nospillzäit sollt den Andersson dann am Kapp fir d’Entscheedung suergen. Domat léisst Gladbach dräi wichteg Punkte leien an Union Berlin ka sech iwwert d’Victoire freeën.

Leverkusen - Freiburg 1:1
0:1 Höhler (5'), 1:1 Diaby (36')

Mat Freiburg hat Leverkusen d’Iwwerraschungsekipp vun dëser Saison op Besuch. No dem excellente Start an d’Saison war Freiburg och deementspriechend motivéiert an de Match gaangen. An der 5. Minutt war et dann den Höhler, deen d’Gäscht no engem Corner mam Kapp a Féierung brénge konnt.
Leverkusen hat sech nom Réckstand awer net geschockt gewisen. Den Diaby konnt sech um Ball behaapten an hat sech aus ronn 20 Meter een Häerz geholl. Säi stramme Schoss war ënnen am Eck ageschloen, esou dass de Flekken am Gol vu Freiburg näischt maache konnt.

Leverkusen war allerdéngs déi kloer dominant Ekipp, si haten um Enn net manner ewéi 27 Schëss op de Gol, ma et sollt awer un der néideger Reussite feelen. Um Enn war et beim 1:1-Remis bliwwen.

Bremen - Schalke 1:2
0:1 Harit (43'), 0:2 Raman (53'), 1:2 Osako (80')

Fir d’Gäscht aus Gelsenkirchen goung et duerch eng knapp 1:2-Victoire géint Bremen an der Tabell bis op déi 4.Plaz. Domat sinn déi Schalker och weiderhin am Kampf ëm d’Plazen, déi d’Qualifikatioun fir d’Champions League bedeiten, mat vir bäi. Fir Bremen muss de Bléck no der Defaite dogéint weider no ënne goen.

Frankfurt - Wolfsburg 0:2
0:1 Weghorst (19'), rout Kaart Tisserand (45'+1), 0:2 Joao Victor (65')

Leipzig - Köln 4:1
1:0 Werner (22'), 2:0 Forsberg (32'), 3:0 Laimer (37'), 3:1 Czichos (39'), 4:1 Forsberg (79')

Nodeems München virgeluecht a Gladbach Punkte leie gelooss hat, wollt Leipzig sech mat enger Victoire erëm mat an Course em den Titel schéissen.
An der 22. Minutt war et den däitsche Nationalspiller Timo Werner, deen de Score mat sengem Gol opgemaach hat.
No 32 Minutte koum den Nkunku am Strofraum zu Fall a sou gouf et zu Recht 11-Meter fir d’Haushären. Dëse konnt de Forsberg och sécher verwandelen. Nodeems de Laimer an der 37. Minutt esou guer op 3:0 stelle konnt, hunn déi Leipziger ewell wéi de Gewënner ausgesinn.
No engem Corner op der anerer Säit sollt den Czichos nach eng Kéier op 1:3 verkierze kënnen, ma um Enn war et de Forsberg, deen an der 79. Minutt fir d’Entscheedung suerge konnt.

Back to Top
CIM LOGO