
De Veräin vu München soll Leipzig en zweestellegen Milliounen Betrag iwwerweisen, dee mat de Primme bis op 25 Milliounen Euro klamme kann. Dëst ass deen deiersten Trainertransfert an der Geschicht vun der Bundesliga.
Den Nagelsmann an d’Bayern hate sech schonn op e Kontrakt vun 5 Joer gëeenegt. Bei Leipzig ass den Dino Toppmöller jo een vun de Co-Trainer.
De fréieren Trainer vum F91 Diddeleng ass awer vum Club engagéiert ginn a gehéiert u sech net direkt zum Trainer-Staff vum Nagelsmann.
Bis elo ass nach net gewosst, ob den Toppmöller zu Leipzig bleift oder awer mam 33 Joer alen Nagelsmann op München matgeholl gëtt.