UEFA Women's Nations LeagueGéigner vun de Roude Léiwinne sti fest

Sam Rickal
Am Grupp C4 spillen d'FLF-Damme géint Bosnien-Herzegowina, Estland a San Marino. D'Matcher sinn tëscht Februar a Juni d'nächst Joer programméiert.
Laura Miller a Co. spillen am Grupp C4 géint Bosnien-Herzegowina, Estland a San Marino.
© Val Wagner

Nom Ofstig aus der Liga B goufen en Dënschdeg zu Nyon an der Schwäiz d'Géigner vun der Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp fir déi nei Nations-League-Campagne ausgeloust. An der Liga C kréien et d'Rout Léiwinnen am Grupp 4 mat Bosnien-Herzegowina, Estland a San Marino ze dinn.

D'Matcher sinn tëscht Februar a Juni d'nächst Joer programméiert. Den detailléierte Spillplang gouf nach net annoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO