Internationale FuttballBayern deklasséiert Schalke beim Bundesliga-Optakt mat 8:0

RTL Lëtzebuerg
Den aktuellen Triple-Gewënner huet Schalke am éischte Match vun der neier Saison mat 8:0 ofgeschoss.

Bundesliga

Bayern - Schalke 8:0
1:0 Gnabry (4'), 2:0 Goretzka (19'), 3:0 Lewandowski (31'), 4:0 Gnabry (47'), 5:0 Gnabry (59'), 6:0 Müller (69'), 7:0 Sané (71'), 8:0 Musiala (81')

Bayern huet déi nei Saison genau sou ugefaange wéi déi aal opgehalen huet. No 4 Minutten ass de Gnabry virum Strofraum fräi zum Schoss komm an huet sou scho fréi op 1:0 gesat. Schalke hat keng Chance an de Match ze fannen well d’Lokalekipp de Match komplett bestëmmt huet. An der 19. Minutt war et dann den Ex-Schalker, dee mat sengem Gol op 2:0 erhéije konnt. Ronn 10 Minutte méi spéit huet de Kabak dann de Lewandoswki am Strofraum zum Fale bruecht. De polneschen Nationalspiller ass vum Punkt äiskal bliwwen an huet sou op 3:0 gesat.

No der Paus hunn d’Haushären genau sou weidergemaach a sou konnt de Gnabry mat der éischter offensiver Aktioun de 4. Gol vum Match schéissen. No enger gudder Stonn huet de Gnabry mat sengem drëtte Gol dann den Dräierpack perfekt gemaach. 10 Minutten drop huet de Müller no enger spektakulärer Pass vum Lewandowski op 6:0 erhéicht. D’Bayern haten awer nach net genuch a sou hunn de Sané an de jonke Musiala op 8:0 gesat. Dobäi ass et dann awer och bliwwen a sou wënnt Bayern den Optakt vun der Bundesliga méi wéi souverän géint Schalke.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Ligue 1

Lyon - Nimes 0:0

No 8 Minutten hat de Cornet déi éischt richteg gutt Chance vum Match Opweises, ma de Golkipp konnt de Ball mat engem gudde Reflex paréieren. Kuerz drop huet de Ripart de Ball am Strofraum gutt ugeholl, ma säi Schoss ass awer just op d’Lat gaangen. Duerno huet sech de Match berouegt, Lyon hat zwar bësse méi vum Match, an der éischter Hallschent ass et awer beim 0:0 bliwwen.

An der 50. Minutt huet den Dembele dann den éischte Gol vum Match geschoss, ma de Videoarbitter huet de Ball virdrun am Säitenaus gesinn a sou huet de Gol net gegëllt. Ronn 25 Minutte viru Schluss krut de Ripart dann de Ball widdert den Aarm, ma den Arbitter huet net op de Punkt gewisen, sou wéi et d’Ekipp vu Lyon gefuerdert hat. An der Schlussphas huet sech op béide Säiten net méi vill gedoen a sou bleift et um Enn bei engem 0:0.

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO