
De Match huet ideal fir d’Spuenier ugefaangen. No engem Foul vum Alaba huet den Arbitter op de Punkt gewisen an den Lucas Ocampos huet seng Faarwen an der 13. Minutt a Féierung bruecht.
D’Bayern hunn den Drock erhéicht an den Thomas Müller, Benjamin Pavard a Robert Lewandowski haten d’Chance, den Ausgläich ze markéieren. Et war awer de Leon Goretzka, deen no eppes méi wéi enger hallwer Stonn de Gol geschoss huet. No enger Flank an d’Déift hat de Lewandowski, dee mam Réck vum Gol stoung de Bléck fir de Goretzka, deen onbedrängt aus 12 Meter ofschléisse konnt. Mat deem Score ass et dann och an d’Paus gaangen.
Kuerz nom Säitewiessel haten d’Bayern kuerz gejubelt. De Lewandowski hat de Ball an der 51. Minutt iwwert d’Linn gedréckt, ma duerch de VAR gouf bewisen, datt de polnesche Stiermer bei der Pass am Abseits stoung. Déi Münchener haten an der zweeter Hallschent däitlech méi vum Spill, méi Ballbesëtz a méi Ofschlëss, ma si konnten dovunner net profitéieren. An der 87. Minutt war et souguer den Neuer am Gol, dee si virun engem weidere Réckstand huet misste retten. Well et no 90 Minutte kee Gewënner gouf, huet de Match missten an d’Verlängerung goen.

Och am Ufank vun der Verlängerung haten d’Bayern déi beschte Chancen. Dunn an der 104 Minutten huet de Martinez d’Bayern eng éischte Kéier e Féierung bruecht. No engem Corner an engem Noschoss stoung de Spuenier op der richteger Plaz an huet dem Keeper am Gol vu Sevilla mam Kapp keng Chance gelooss.
D’Bayern hu Sevilla nom Gol net méi zeréckkomme gelooss an hu selwer nach méi Drock no vir gemaach. Esou wënnt d’Ekipp aus München déi éischte gréisser Coupe vun der Saison.