BundesligaBayern München kritt et fir den Optakt mat Gladbach ze dinn

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg de Moie gouf de Spillplang fir d'Bundesliga-Saison 2021/22 verëffentlecht. Den 1. Match ass den 13. August.

Hei kritt den aktuelle Champion et Auswäerts mat Borussia Mönchengladbach ze dinn. Béid Veräiner hu jo mam Julian Nagelsmann (Bayern) an dem Adi Hütter (Gladbach) en neien Trainer.
Samschdes sinn et dann ënnert anerem d’Matcher Dortmund géint Eintracht Frankfurt, an Mainz mam Leandro Barreiro géint RB Leipzeg.

Den Duell tëscht Dortmund a Bayern ass um 14. Spilldag.
De leschte Spilldag ass dann den 14. Mee mat ënnert anerem de Partien BVB géint Hertha Berlin, a Wolfsburg géint den FC Bayern.

PDF: De komplette Spillplang vun der 1. Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO