OffiziellBayern München stellt de Philippe Coutinho vir

RTL Lëtzebuerg
No laangem Hin an Hier huet den däitsche Rekordmeeschter den Transfert vum Brasilianer Philippe Coutinho offizialiséiert.
© Twitter / FC Bayern München

De Mann vum FC Barcelona gëtt aus Spuenien fir 8,5 Milliounen Euro ee Joer op München ausgeléint. Duerno kéint Bayern awer fir 120 Milliounen Euro d’Kafoptioun fir déi brasilianesch Vedette zéien, esou de Kicker.

Um Sonndeg huet den däitsche Rekordmeeschter iwwerdeems och de Fransous Michael Cuisance virgestallt. Den 20-Järegen koum vu Mönchengladbach an huet ee Kontrakt iwwer 5 Joer beim FCB ënnerschriwwen.

Topp-Transferten: Iwwerbléck vun den Neizougäng: Bayern léint den Ivan Perisic vun Inter Mailand aus

Back to Top
CIM LOGO