Champions LeagueBayern München wënnt fir déi 6. Kéier d'Champions League

Tim Hensgen
An enger knapper Finall ka sech Bayern München mat 1:0 duerch e Gol vum Coman géint de PSG duerchsetzen.
© RTL Télé Lëtzebuerg

An engem spannende Match ka sech schlussendlech Bayern München mat engem knappen 1:0 géint de PSG duerchsetzen.

An der 60. Minutt konnt de Coman no enger schéiner Flank vum Kimmich fir den 1:0 an de Gol käppen. De PSG huet schlussendlech ze vill Chance leie gelooss fir d’Champions League kënnen ze gewannen.

Domadder wënnt Bayern München déi dësjäreg Champions League déi io ënnert besonnesche Konditiounen a Form vun engem Turnéier zu Lissabon ouni Spectateuren fäerdeg gespillt gouf.

Champions League / De Resumé vum Jeff Kettenmeyer

Bayern München feiert d'Champions League Victoire
No der 1:0 Victoire konnt Bayern München de Pokal an d’Luucht hiewen.

Resumé vum Match

Bayern München huet vun Ufank un de Kommando iwwerholl a war gewëllt direkt d’Kontroll vum Match ze iwwerhuelen. Paräis huet et ëmmer mat schnelle Géigestéiss probéiert soubal se de Ball haten.

Mat esou engem schnelle Géigestouss hat de PSG dann och déi éischt richteg gutt Chance am Match. Op lénks am Strofraum gouf de Neymar vum Mbappé ugespillt mee de Neuer konnt de Ball in extremis paréieren. An der 22. Minutt dann eng rieseg Chance vir Bayern: Am Strofraum krut de Lewandowski de Ball, huet sech gedréint an de Ball op de Potto geschoss.

Nees nëmme kuerz drop war et op der anerer Säit den Di Maria deen de Ball aus 15 Meter iwwert d’Lat geschoss huet. An der 31. Minutt war et de Lewandowski deen no enger Flank op de Gol käppe konnt mee de Ball war ze zentral sou dat de Navas paréiere konnt. Sou ass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen.

Highlights vun der 1. Hallschent
An der éischter Hallschent hate béid Ekippen e puer gutt Chancen mee keng Ekipp konnt eng vun dësen notzen.

No der Paus waren allen zwou Ekippen nervös mee an der 60. Minutt ass de Knuet geplatzt. De Kimmich huet vu riets eng propper Flank op den zweete Potto bruecht wou de Coman an de laangen Eck käppe konnt.

Den 1:0 duerch de Kingsley Coman
No enger schéiner Flank vum Kimmich konnt de Coman de Ball an de laangen Eck käppen.

No dësem Gol hat München direkt vill méi Selbstvertrauen an hat direkt dono nach Chancen a Paräis hat mat dësem Géigegol ze kämpfen. Se kruten sech awer nees gefaangen an haten an der 70. Minutt nees eng gutt Chance. Den Di Maria huet eng staark Pass an de Strofraum op de Marquinhos gespillt mee nees war et de Neuer deen den Ausgläich verhënnert huet.

An der Schlussphase war Bayern München gëfteg an hunn de Paräiser net vill Plaz gelooss. Sou ass et dann och beim 1:0 bliwwen a Bayern München gewënnt fir déi 6. kéier Champions League.

Highlights vun der 2. Hallschent
Duerch e Gol vum Coman konnt Bayern München mat 1:0 gewannen an d’Champions League gewannen.

D’Paräisser Ekipp huet sech iwwer déi lescht Joren a Joerzéngte staark entwéckelt an esou och d’Trikoten. Esou war RTL fréier Sponsor vun der franséischer Ekipp a war och viru um Trikot drop. Entworf gouf de Maillot vum deemolege President Daniel Hechter.

Back to Top
CIM LOGO