Internationale FuttballBayern nëmme mat Remis géint Freiburg

RTL Lëtzebuerg
An Italien krut Lazio Roum bei der Néierlag géint den AC Mailand direkt dräi Spiller vum Terrain gesat.
© AFP

Bundesliga

SC Freiburg - Bayern München 2:2
1:0 Günter (12'), 1:1 Tel (35'), 1:2 Musiala (75'), 2:2 Höler (87')

Den däitsche Futtball-Rekordchampion ass zu Freiburg net iwwert een 2:2-Remis erauskomm. Duerch de Remis hunn déi Münchner hiren Ofstand op de Leader Bayer Leverkusen no der Partie vum 24. Spilldag nëmmen op siwe Punkte miniméiert. D’Goler vum Tel a vum Musiala sinn net duergaangen, fir dräi Punkte mat heem ze huelen. De Günter an den Höler hu fir den SC getraff.

D’Heemekipp war besser an de Match komm an huet den Neuer am Gol vun de Gäscht direkt getest. An der 12. Minutt konnt de Golkipp e Kappball vum Sallai ofwieren, den Noschoss vum Sallai ass dunn un der Lat hänke bliwwen. Beim Schoss vum Günter an der 18. Minutt hat den Neuer awer keng Chance. Nëmme véier Minutte méi spéit hätten déi Münchner bal den 2:0 duerch de Günter kasséiert. Den Neuer konnt retten. Eréischt no enger Hallwer Stonn ass et de Spiller vum Tuchel gelongen, fir den SC phaseweis an d’Defense ze drécken. Den Tel huet dunn an der 35. Minutt per Dramgol vun der Strofraumgrenz den Ausgläich markéiert.

Am Ufank vun der zweeter Hallschent hunn d’Gäscht den Tempo erhéicht. De Kane huet an der 47. Minutt d’Féierung fir seng Ekipp verpasst. Duerno stounge sech béid Ekippen op Aenhéicht géinteniwwer. De Musiala huet d’Bayern dunn eng Véierelsstonn viru Schluss a Féierung bruecht, ma Freiburg huet duerch den Höler nach emol eng Äntwert fonnt, sou datt béid Ekippen um Enn d’Punkte gedeelt hunn.

Fir d’Bayern war et deen 2.000 Match an der Bundesliga.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Serie A

Lazio Roum - AC Mailand 0:1
0:1 Okafor (88')

Fir den Optakt vum 27. Spilldag an der Serie A huet sech Lazio Roum misse mat 0:1 géint den AC Mailand geschloe ginn. An enger laang ausgeglachener Partie ass et géint der Enn ëmmer turbulent ginn. Um Enn sinn op Säite vu Roum mam Pellegrini (57'), Marusic (90+4') an Guendouzi (90+6') gläich dräi Spiller mat Rout vum Terrain geflunn an den AC Mailand huet an de leschte Minutten nach den decisiven 1:0 duerch den Okafor geschoss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Monaco - PSG 0:0

Am Spëtzematch mum 24. Spilldag am franséische Championnat sinn tëscht Monaco an dem PSG keng Goler gefall. Op béide Säite gouf et wärend den 90 Minutten eng ganz Partie Chancen, ma keng Ekipp konnt dës notzen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO