BundesligaBayern wënnt no Réckstand, Mainz verléisst eng direkt Ofstigsplaz

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend huet Stuttgart sech kloer mat 3:0 géint Hoffenheim duerchgesat a festegt domat déi drëtt Tabelleplaz.
© AFP

E Samschdeg war an der däitscher Bundesliga d’Suite vum 26. Spilldag.

Köln war beim 1:5 géint Leipzig e Freideg den Owend ouni Chance bliwwen.

Bayern huet mat enger 5:2-Victoire géint Darmstadt dräi Punkte mat Heem geholl. Ze Besuch beim Tabelleleschte hat den däitsche Rekordmeeschter sech d’Ufanksphas allerdéngs anescht virgestallt. Trotz méi Spillundeeler waren et als éischt d’Lilien, deenen iwwerraschend de Gol zur Féierung gelongen ass. Bayern huet doropshin awer weider säi Spill gemaach a konnt sou virun der Paus nach duerch d’Goler vum Jamal Musiala an Harry Kane de Match dréinen. Nom Säitewiessel war de Favoritt dann elo net méi ëmzestoussen. D’Klass vum Jamal Musiala huet sech mam 3:1 eng weider Kéier gewisen an och de Serge Gnabry an de Mathys Tel hu mam 4:1 a 5:1 definitiv den Deckel op d’Partie gesat. An der 95. Minutt ass zwar nach den 2:5 gefall, dat huet natierlech awer näischt méi un der Sortie vum Match geännert. Bis e Sonndeg verkierzen d’Bayern de Réckstand an der Tabell op Leverkusen domat virleefeg nees op siwe Punkten.

Am Duell géint Bochum huet Mainz sech mat enger wichteger 2:0-Victoire vun enger direkter Ofstigsplaz befreit. An der éischter Hallschent hu sech béid Ekippen ufanks bësse méi schwéier gedoen. Bochum hat zwar méi de Ball, konnt domat awer net vill ufänken. Mainz dogéint huet sech just heiansdo vereenzelt no vir getraut. Kuerz virun der Paus huet den Arbitter dann nom Asaz vum Videoarbitter op de Punkt gewisen. De jonke Jonathan Burkhardt huet hei seng Nerve gewisen an op 1:0 gestallt. Déi zweet Hallschent war elo e gutt Stéck méi interessant, dat well sech däitlech méi am offensive Beräich ofgespillt huet. Ronn 20 Minutte viru Schluss huet de Jonathan Burkhardt da mat sengem zweete Gol vum Dag fir eng Virentscheedung gesuergt, déi sech um Enn och bestätege sollt. Bochum konnt keng Äntwert méi weisen a sou loosse si Köln an der Tabell hannert sech op enger direkter Ofstigsplaz.

Union Berlin huet sech virun den eegene Spectateuren da mat 2:1 géint Bremen duerchgesat. No enger éischter Hallschent ouni vill Héichpunkten ass d’Lokalekipp mat vill Energie aus der Vestiaire komm. Zwee séier Goler hu si bannent zwou Minutte mat 2:0 a Féierung bruecht. Zwar konnt de Mitchell Weiser d’Partie mat sengem Gol zum 1:2 nach eemol spannend maachen, fir ee Punkt sollt et awer net méi duergoen.

Iwwerdeems huet sech Heidenheim doheem mat engem 1:1 ee Punkt géint Gladbach geséchert a fir Wolfsburg gouf et an Ënnerzuel géint de Gaascht aus Augsburg eng 1:3-Defaite.

Duerch eng kloer 3:0-Victoire géint Hoffenheim bleift Stuttgart weider op engem gudde Wee a Richtung Champions League. Immens engagéiert war de VfB zu Sinsheim an de Match gestart a konnt no 16 Minutte verdéngt duerch e Gol vum Enzo Millot a Féierung goen. Och nom Féierungsgol hu si weider d’Spill bestëmmt an de Géigner keng richteg Chance gelooss. Fir eng gutt Zäit louch den 2:0 an der Loft a kuerz virun der Paus sollt dësen och duerch de Serhou Guirassy falen. Nom Säitewiessel huet sech weider dat selwecht Bild gewisen. Mam 3:0 huet den Jamie Leweling gutt 20 Minutte viru Schluss d’Partie entscheet.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO