
Elo koum dann awer d’Entscheedung, dass ee getrennte Weeër geet. Ween neien Trainer bei der Etzella gëtt, ass aktuell nach net gewosst, schreift de Club an engem Communiqué.
De Club huet och matgedeelt, datt de Kontrakt mam Amerikaner Lammar Mallory fir d’Saison 2022/2023 verlängert gouf.
Op der Musel huet een dogéint mam Trainer Milan Skobalj fir ee weider Joer verlängert. Donieft huet een den Eric Steffen vum Gréngewald verflicht an da komme mam Gilles Kerschen a mam Pol Goebel nach zwee Spiller vum Ofsteiger Telstar.