No dëser Victoire hunn d’Knights hir drëtt Positioun an der 1. Divisioun gefestegt. Mat 36 Punkten hu si zwar 18 respektiv 19 Punkte Réckstand op d’Tigers vun Turnhout an d’Chiefs vu Leuven, ma och véier Punkten Avance op Olympia Heist, dobäi awer och e Match manner, wéi all dës Ekippen.