Den Tornado Lëtzebuerg huet e Sonndeg den Owend zu Courbevoie kee gudden Dag erwëscht a mat 2:5 géint den Tabelleleschte verluer. D’Lëtzebuerger bleiwen awer op der 6. Plaz an der Tabell vun der 2. franséischer Divisioun a kënne sech den nächste Samschdeg op der Kockelscheier géint Rouen 2 zeréck kafen.
Fir d’Beefort Knights gouf et e Samschdeg no engem geckege leschten Drëttel mat siwe Goler eng 3:5-Defaite géint d’Bulldogs vu Léck. An der Tabell vun der 1. Divisioun bleiwe si awer op der 5. Plaz stoen. Weider geet et fir d’Beeforter Mëtt Dezember mat engem Duell géint d’Luxembourg Foxes.