
Géint Bulgarien hu sech d’FLH-Damme mat enger Differenz vun 12 Goler misse geschloe ginn. Géint den Organisateur Italie gouf et eng Defaite op 19 Goler. Géint d’Bulgarinnen hat ee sech e bessert Resultat erhofft, géint d’Italienerinne war vu vir era kloer, wien de Favorit wier. Trotzdeem ass d’Enttäuschung grouss, wéi déi fréier Profi Tina Welter erkläert: “An awer si mer enttäuscht, dass et zum Schluss esou vill Goler gi sinn. Jo, mir mussen do e Bilan zéien andeems mer déi Matcher analyséieren, u wat et geleeën huet, ob et physesch ass. Jo, d’ganzt Konzept eng Kéier kucken an dann, voilà, dorops hin erëm schaffen.”
Italien steet an der nächster Qualifikatiounsronn fir d’Weltmeeschterschaft 2025, d’Lëtzebuerger Handball-Dammen sinn dogéint eliminéiert.