Kläpperei Wolz-NidderkuerBéid Veräiner musse bezuelen

Tom Hoffmann
D'Verbandsgeriicht huet an der Affär tranchéiert, nodeems béid Veräiner nom Match zu Wolz uneneegerode sinn. 
© RTL Archivbild

Den FC Wolz 71 muss eng Strof vu 725 Euro wéinst onsportlechem Verhale bezuelen. De Progrès Nidderkuer muss wéinst dem selwechte Grond 700 Euro iwwerweisen. Donieft sinn och elo d’Spiller vu béide Veräiner bekannt, déi bei dësem Tëschefall involvéiert waren an elo eng Spär kréien.

Bei deene Wëlzer verpasst de Kevin Malget véier Matcher wéinst Beleidegungen an den Jack Mmaee gouf fir dräi Matcher gespaart, dovun een op Sursis, well hie Leit gestouss hat.

Déi gréisste Spär gouf et awer fir e Spiller vum Progrès. De Veräin muss fir 10 Matcher wéinst physescher Aggressioun op de Chris Lybohy verzichten. Donieft muss de Spiller vum Progrès 190 Euro Strof bezuelen. Den Soiyir Sanali gouf fir zwee Spilldeeg gespaart, dovun een op Sursis.

Och all déi aner Spiller kruten nieft de Späre Geldstrofen.

No Kläpperei um Futtballterrain zu Wegdichen: Fuerderung no manner finanzieller Ënnerstëtzung fir den FC Wolz 71

Back to Top
CIM LOGO