Een DP-Gemengeconseiller wëllt een Drëttel vun de Suen, déi d'Gemeng dem Futtball pro Joer bezilt, op aner Sportsveräiner verdeelen.

De virleschte Weekend koum et an der BGL-League am Futtball nom Match tëscht dem FC Wolz 71 an dem Progrès Nidderkuer zu enger Kläpperei tëscht Spiller vun deenen zwee Veräiner. Den FLF-President Paul Phillip hat sech dono an engem Schreiwes un d'Presidente vun de Veräiner aus der BGL-League geriicht a virdru gewarnt, datt Aggressivitéit um an nieft dem Futtballterrain de Sport an ee schlecht Liicht réckele géing. Ma den Incident huet och zu Reaktiounen aus der Lokalpolitik gefouert. Vun do ass et d'Fuerderung, dem FC Wolz 71 déi finanziell Ënnerstëtzung duerch d'Gemeng ze kierzen. An dat kënnt nawell net iwwerall gutt un.

Den FC Wolz 71 soll no Kläpperei manner Sue kréien (Reportage Marc Hoscheid)

"Wann ech kucken, wéi sech do um Terrain opgefouert gëtt, da steet dat an absolut kenger Relatioun. An de knallroude Veräin FC Wiltz 71 soll sech schummen! Et ass net déi éischte Kéier. Wann dat dat ass, wat den FC Wiltz 71 hirem jonken Nowuess léiert, da wënschen ech him vill Erfolleg, well dann huet en et néideg." 

RTL

© Screenshot

Dat huet den DP-Conseiller Maurice Muller nom Match op Facebook geschriwwen. A sengem Post fuerdert hien dann och, datt d'Gemeng déi finanziell Ënnerstëtzung vu 400.000 Euro d'Joer ëm een Drëttel reduzéieren an d'Suen op déi aner Sportsveräiner opdeele sollt. Hie riicht seng Kritik och ganz direkt un d'Wëlzer LSAP, respektiv un d'Sozien, wéi hie sech ausdréckt. Dat wuel an éischter Linn, well de President vum Wëlzer Fussball, de Michael Schenk, fir d'LSAP am Gemengerot sëtzt. Dee wiert sech awer géint déi Vermëschung.

Veräiner sollte politesch onofhängeg sinn

"Fir de Veräin a Verbindung mat der LSAP ze bréngen, ass absolutte Quatsch. Well, ok ech si President a Member vum Gemengerot, mee eisen Tresorier ass bei der CSV, eise Sekretär ass bei der DP a mir hunn och ee vun deene Grénge bei eis am Comité. An dobäi sinn ech der Meenung, datt ee Veräin, ob et ee Sportsveräin oder soss ee Veräin ass, soll politesch onofhängeg sinn a jidderengem d'Méiglechkeet soll ginn um Veräinsliewen deelzehuelen. Dofir fannen ech déi Remark scho ganz deplacéiert."

Och d'Fuerderung no enger Reduzéierung vun der finanzieller Ënnerstëtzung ëm een Drëttel kann de Michael Schenk net novollzéien.

RTL

© Screenshot

"Ech weess net wéi en un déi Zuel kënnt, fir dat ëm een Drëttel ze kierzen. Bei der Gemeng Wolz ass et ganz einfach, Veräiner, déi Jugendaarbecht maachen an diploméiert Traineren astellen, kréien ee Subsid. Si musse beglawegt Lëschte vun der Federatioun ragi mat de Lizenze vun de Kanner ënnert 18 Joer. An do gëtt all Veräin d'selwecht behandelt. An de Rescht si keng Suen, déi dem Veräin zoukommen, mee dat si Suen, déi fir den Entretien vun den Terrainen a souguer fir dee ganzen Entretien vum Site sinn."

Maurice Muller schwätzt net fir d'CSV-DP-Majoritéit 

Zu Wolz ass aktuell eng CSV-DP-Koalitioun um Rudder. CSV-Buergermeeschtesch Carole Weigel stellt op Nofro hi kloer, datt et sech bei den Aussoe vum Maurice Muller net ëm Fuerderunge vun der Majoritéit handelt.

"Den Här Muller huet ee Facebook-Post gemaach an dee Facebook-Post huet hien ënnert sengem eegenen Numm gepost. Ech mengen, hien huet dat jo och net ënnert enger politescher Partei gemaach. Do soe mir als Gemeng ganz kloer, dat huet näischt mat eis als Gemeng ze dinn, dat huet hie wierklech als privat Persoun gemaach. Dofir hu mir eis och wierklech do rausgehalen."

De Maurice Muller wier awer fräi, als Privatpersoun ze posten, wat e wëllt. Si géing awer zeréckweisen, datt de Futtball vis-à-vis vun anere Veräiner bevirdeelegt géing ginn.

FC Wolz 71 wëllt sech aktuell net schrëftlech vu Virgäng distanzéieren

"Ech mengen ech kann Iech ee ganze Koup Veräiner opzielen, wat mir lo ee ganzt Joer als Gemeng gemaach hunn, wou mir wierklech vill an eis Veräiner gestach ginn. Do goufen ënnert anerem d'Tennisterraine renovéiert, mir hunn eng ganz Hall zur Verfügung gestallt fir zwee Sportsveräiner, den Dëschtennis gouf mat Material ënnerstëtzt, de Basket krut eng ganz nei Hall zur Verfügung gestallt. Ech mengen dat si lo e puer Saache, déi ech ernimmt hunn an ech mengen doru gesäit een awer well, datt mir wierklech hei an der Gemeng Wäert drop leeën, datt ee Veräi wéi deen anere behandelt gëtt."

De Maurice Muller wollt op Nofro hin näischt an ee Mikro soen. Hien deelt awer schrëftlech mat, datt hie mat sengem Post erreeche wollt, datt d'Depensen, déi un d'Veräiner ginn, nei analyséiert an diskutéiert ginn. Hei sollt voll Transparenz spillen. Botzaarbechte sollten iwwerdeems vun externe Firmen duerchgefouert ginn. Just wann dat net méiglech wier, sollt driwwer nogeduecht ginn, ob d'Gemeng oder de Veräin eng Persoun astellt.

Hie fuerdert och, datt den FC Wolz 71 sech an engem Schreiwes vun de Virgäng nom Match géint Nidderkuer distanzéiert. Dat géing een awer net maachen, well aktuell d'Verbandsgeriicht vun der FLF de Virfall ënnersiche géing, esou de Michael Schenk.

An deene 400.000 Euro, déi den FC Wolz 71 pro Joer vun der Gemeng kritt, sinn iwwregens all d'Depensen inclus, also zum Beispill och den Ënnerhalt vun den Terrainen.