
Um Sonndeg war d’Suite vun den Aachtelsfinallen. Um éischte Match vum Owend ass Holland zu Budapest op Tschechien getraff. Holland huet als grousse Favorit gegëllt, mä Tschechien huet et den Hollänner schwéier gemaach a konnt sech iwwerraschend mat 2:0 duerchsetzen duerch Goler vum Holes a vum Schick.
Am zweete Match konnt sech d’Belsch an engem ganz enke Match mat 1:0 géint Portugal duerchsetzen an dat duerch e Gol vum Thorgan Hazard an der 42. Minutt. An der Schlussphase huet Portugal alles probéiert, mä de Ball sollt einfach net an de Gol goen.
Holland - Tschechien 0:2
0:1 Holes (68.’), 0:2 Schick (80.’)
Vun Ufank un huet Holland den Toun uginn an hunn Drock op déi tschechesch Defense gemaach. Mat der Zäit ass Tschechien awer ëmmer besser an de Match komm a konnt sech och excellent Chancen erausspillen. Déi bescht Chance am Match hat dann och Tschechien an der 38. Minutt wéi de Barak aus kuerzer Distanz an de Gol wollt schéissen, mäe den De Ligt koum nach sou just mat der Foussspëtzt un de Ball.
No der Paus huet Holland e schwéiere Réckschlag misse verkraaften. Als leschte Mann huet den De Ligt de Ball mat der Hand gespillt an huet soumat verhënnert, dat de Schick fräi op de Gol konnt lafen. An der 68. Minutt dann den nächste Schock fir Holland wéi Tschechien duerch den Holes a Féierung konnt goen an dat war och net onverdéngt, wëll Tschechien war op Aenhéicht mat den Hollänner. An der 80. Minutt huet de Schick da fir déi endgülteg Decisioun gesuergt, wéi den Holes de Ball zeréck op de Schick geluecht huet an deen huet de Ball fir säi 4. Gol an dësem Turnéier an de kuerzen Eck geschoss.
Belsch - Portugal 1:0
1:0 T. Hazard (42.’)
An der éischte Hallschent war et laang en zéie Match, an deem et quasi keng Golchance goufen. Béid Ekippe stoungen defensiv konzentréiert an hunn net vill zougelooss. An de leschte Minutte virun der Paus ass de Match dann awer besser ginn an et gouf och Chancë fir béid Ekippen. Portugal ass ëmmer mol nees duerch schnell Géigestéiss geféierlech ginn. D’Belsch ass virun der Paus méi staark ginn a konnt an der 42. Minutt duerch e schéine Schoss vum Thorgan Hazard an de laangen Eck a Féierung goen.
Just 2 Minutte no der Paus huet de Kevin de Bruyne blesséiert misste ausgewiesselt ginn. Nodeems dëse wichtege Spiller net méi um Terrain stoung, haten d’Belsch Problemer. Portugal war gutt am Match an huet déi rout Däiwelen an déi eegen Hallschent gedréckt. Se hu sech awer trotz allem schwéier gedoen, grouss Chancen eraus ze spillen. An der Schlussphase hat Portugal dann awer zwou ganz grouss Chancen duerch de Ruben Dias no engem Corner an de Joao Felix, deen op de Potto geschoss huet. An de leschte Minutten huet Portugal richteg Drock gemaach, mä de Ball sollt einfach net an de Gol goen.