BasketBen Kovac wiesselt bei de slowakesche Champion

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Basketnationalspiller Ben Kovac spillt déi nächst Saison an der Slowakei.
© RTL-Archivbild

No zwou Saisone bei Den Helder Suns am hollännesche Championnat wiesselt de Ben Kovac bei de slowakesche Champion Patrioti Levice.

Den 22 Joer ale Lëtzebuerger wäert domadder déi nächst Saison mat sengem neie Veräin net nëmmen ëm Titele spillen, mä och international am Asaz sinn. De Kovac huet och ee slowakesche Pass a wäert dofir bei sengem neie Veräin net als Auslänner gëllen.

Back to Top
CIM LOGO