
Véier Semester, also zwee Joer, huet déi Formatioun op der Universitéit Lëtzebuerg gedauert. D’Fro stellt sech natierlech elo, wat dat deene Léit, déi all schonn am Beruffsliewe stinn, an hirer Karriär bréngt.
Den Titel vun där Formatioun klengt ganz akademesch, einfach ausgedréckt geet et drëms fir d’physesch Aktivitéit bei de Kanner ze fërderen. Op där enger Säit hunn d’Studenten, déi entweder Léierpersonal aus dem Fondamental waren oder Educateuren aus de Structures d’accueil, elo e Wëssen, datt se an der Schoul, an de Maison-relaisen oder an de Crèchen am Interêt vun de Kanner kënnen uwenden.
Op där anerer Säit huet deen Zertifikat am Moment just bedéngt eng Valeur, de Claude Scheuer responsabele Professer op der Uni Lëtzebuerg, wat d’Formatioun vun der ganzer Beweegungserzéiung ugeet: “Mir hunn elo hei en Zertifikat vun 20 ECTS, dat huet op der Héichschoul eng Valeur, dat huet awer fir ee selwer net direkt eng Valeur. Dat kann ee sech awer unerkenne loossen, wann een nach e Studium wëll weider feieren. Fir de Rescht kann een dat a säin CV setzen, an dann huet een a sengem Portfolio eppes, dat engem e Virdeel ka bréngen, wann ee sech op eng Plaz mellt.”
Fir de Claude Scheuer muss hei an Zukunft eppes geschéien: “Do sinn mir als Uni, do hu mir näischt méi domat ze sinn. Wat dat fir eng Unerkennung fënnt a verschiddene Beruffsfelder, ass dann eng politesch Fro. Do wär et da wënschenswäert, datt zum Beispill en Enseignant, deen dee Zertifikat gemaach huet, datt deen eng Prioritéit géif kréien, fir de Schoulsport am Fondamental ze halen. Do hu mer leider am Moment e System, deen dat net erlaabt, dat awer elo hei wichteg wär.”

Well lo no iwwer 2 Joer, vun der Politik nach ëmmer net definéiert ass, wat dat deem Eenzele bei senger Remuneratioun respektiv sengem Grad beim Staat oder der Gemeng bréngt, gëtt et elo e grousse Bemol fir déi Responsabel vun der Uni.lu: “Mir hunn elo Problemer fir déi 2. Promotioun en place ze setzen. Et muss een awer soen, datt mer immens vill Leit hunn. Mir hunn iwwer 50 Leit, déi interesséiert sinn, déi sech dann awer herno net aschreiwen. Ee Grond, den Haaptgrond ass, well mer net kënne soen, wat dat hinne selwer bréngt, well dat ass déi éischt Fro, déi d’Leit eis stellen.”
2015, wärend der Lëtzebuerger EU-Presidence, hat den deemolege Sportminister Romain Schneider als ee vun de Schwéierpunkten, d’Beweegung an d’Motorik bei de Kanner vun 0 bis 12 Joer definéiert. Du koum eng Kéier kuerz Beweegung an deen Dossier, lo an der lescht ass een do awer nees éischter op der Plaz getrëppelt. D’Politik ass jiddefalls gefuerdert, seet de Claude Scheuer, Professer vun der Uni Lëtzebuerg.