
E Méindeg huet d’UEFA offiziell matgedeelt, den Dossier vun der FLF unzehuelen, fir de Championnat an der ieweschter Spillklass ze stoppen. Domat spillt d’Fola als Tabellenéischten Champions-League-Qualifikatioun. Nidderkuer, Déifferdeng an Titus Péiteng stinn an der Europa League.
Net mat dobäi ass mam F91 deemno déi Ekipp, déi déi lescht zwee Joer bis an d’Gruppephas koum a beim Ofbroch vum Championnat nëmmen op der 5. Plaz louch.
Déi grouss Fro war och wéi ee mat der Coupe géif ëmgoen, wou de Vainqueur jo eigentlech eng international ze gutt hätt allerdéngs net konnt op en Enn gespillt ginn. Hei koum eng kloer Äntwert vun der Uefa, den FLF-President Paul Philipp:
“Dat si ganz kloer Virgabe vun der Uefa, wat mir och ëmmer erëm gefrot hunn an och begréisst hunn. National ass et wuel un eis fir Verantwortung z’iwwerhuelen, mä international ass et un hinnen. Am Ufank hu si sech nach zeréckgehalen, well se gehofft hunn, datt d’Championnater nach hätte kënnen op en Enn gespillt ginn. Mä elo hu si gemierkt, datt dat a ville Länner net méiglech ass a viru 14 Deeg si se du mat genauen Uweisunge komm, wat soll geschéien, falls de Championnat muss gestoppt ginn.”
Mat Hesper a Wolz steigen zwou Ekippen aus der Éierepromotioun op, et fält allerdéngs keng eraus, sou datt an der neier Saison elo 16 Ekippen an der ieweschter Divisioun spillen.
Deemno falen an der Iwwergangssaison 2020/2021 awer och déi 4 lescht Ekippen nees eraus, an de Fënnefleschte muss an de Barrage géint den Drëtten aus der Éierepromotioun, sou datt d’Joer drop nees just 14 Ekippe ganz uewe spillen.