
Fir den Optakt an der 2. Ronn huet sech e Freideg den Owend Esch däitlech zu Dikrech duerchgesat. E Samschdeg stoung mam Match Bierchem géint Diddeleng eng weider Partie um Programm. An och am Relegatioun-Playoff wéi och an der AXA League bei den Damme gouf gespillt.
D’Spectateuren hunn eng ganz interessant Partie tëscht Bierchem an Diddeleng gesinn, an där sech um Enn Bierchem 30:29 (17:14) duerchsetze kann. Bierchem ass mat 100 à l’heure aus de Kabinne komm a louch séier mat 7:2 a Féierung. No enger Auszäit vun Diddeleng ass et wuel e Tick besser gelaf bei de Gäscht, ouni awer de Réckstand kennen däitlech ze verkierzen. Bierchem louch tëschenzäitlech mat 6 Goler am Avantage. Kuerz virun der Paus ass de Gäscht e 3:0-Laf gegléckt, sou dass si mat 14:17 an d’Paus gaange sinn. Nom Téi ass et hin an hier gaangen, Bierchem louch awer konstant 3 Goler vir. Kuerz viru Schluss ass Diddeleng bemol bis op e Gol eru komm, fir d’Victoire sollt et awer net méi duer goen.
Am Relegatioun-Playoff bei den Hären huet Schëffleng hiren éischte Match konnte wannen. Péiteng gewënnt e spannende Match géint de Standard mat 32:30.
Den Tabelleleader Käerjeng huet den HB Museldall mat 36:18 (17:10) geklappt. D’Gäscht hunn am Ufank relativ gutt matgehalen an esou louch de Réckstand no 10' bei 2 Goler. Lues a lues huet Schilt a Welter awer op de Gaspedall gedréckt an esou war an der Paus de Virsprong op 7 Goler ugewuess. Damme vun der Musel sinn no der Paus net méi zeréck komm a verléieren deemno géint Käerjeng.
Déifferdenger Dammen, déi déi lescht zwee Matcher als Verléierinne vum Terrain gaange sinn, gewannen um Samschdeg den Owend mat 16:6 (11:4) géint Bieles.
An och den drëtte Match am Owend war net wierklech spannend, louch Diddeleng an eegener Hal an der Paus scho mat 8 Goler am Avantage géint den Handball Esch. Dickes a Co. hunn Esch och an deenen zweeten 30 Minutte keng Chance gelooss, a gewannen um Enn mat 23:15 (15:7). Diddeleng bleift op der 2. Plaz an der Tabell, hannert Käerjeng.

LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball