Am nationalen Handball-Championnat bei den Häre war e Freideg den Owend den Optakt vun der 2. Ronn.

Axa League Hären

Um 1. Spilldag an der 2. Ronn hat Dikrech Besuch vum Handball Esch. Stoung et no knappe 7 Minutten nach 5:5-Gläich, huet Esch lues a lues d'Spill an d'Hand geholl a konnt sech ënnert dem Impuls vum Martin Muller bis zur Paus ee 7 Goler Virsprong eraus spillen. No der Paus huet sech relativ wéineg um Spillverlaf geännert. Esch war dominant an huet zu kengem Zäitpunkt méi eppes ubrenne gelooss. Dikrech hat bis op déi éischt 10 Minutten net wierklech eng Chance, a verléiert deemno mat 23:38 géint Esch.

Spillplang Hären R2

Relegatioun Hären