Coupe am HandballBierchem setzt sech géint Miersch duerch

RTL Lëtzebuerg
Esch klappt de Museldall däitlech mat 43:16 a qualifizéiert sech soumat och fir de Final Four.
© Yannick Zuidberg

Nodeems sech um Samschdeg bei den Hären ewell d’Red Boys an Diddeleng fir d’Halleffinalle qualifizéiert haten, goung et haut fir den HB Esch an den HC Bierchem dorëms, fir sech géint de Museldall bezéiungsweis Miersch aus der Promotioun A duerchzesetzen, an de Final Four soumat komplett ze maachen.

Coupe de Lëtzebuerg bei den Hären

HB Miersch (PR) - HC Bierchem (AL) 20:35

Zu Miersch war mam HC Bierchem den 3. aus der AXA League op Besuch. Fir Bierchem hat um Sonndeg just eng Victoire géint den Tabellenzweeten aus der Promotioun A gezielt, fir sech fir de Final Four ze qualifizéieren. Ma an den éischte Minutte konnten déi Mierscher nach gutt dogéint halen. Wéinst dem Ënnerscheed vun der Divisioun haten d’Haushären mat enger 3:0-Avance ugefaangen, ma bis zur 17. Minutt hate si et fäerdeg bruecht, fir net a Réckstand ze geroden. Bis zur paus konnte sech d’Favoritte vu Bierchem dann awer ofsetzen a sou stoung et no enger hallwer Stonn 18:9 fir Bierchem.

No der Paus huet Miersch probéiert, de Réckstand ze verklengeren, ma Bierchem huet seng Klass gewisen a näischt méi ubrenne gelooss. Si hunn hire Virsprong verwalt a souguer nach liicht ausgebaut, esou dass si um Enn mat 35:20 zu Miersch gewanne kënnen.

PDF: HB Miersch - HC Bierchem

Back to Top
CIM LOGO