Prellungen, Zerrungen, Muskelfaserrëss a Bännerrëss. Dat si just e puer vun den heefegste Blessuren am Futtball. Op engem internationale Futtball-Kongress sinn e Samschden an der Coque national ewéi international Sportmedezinner beienee komm, fir driwwer ze diskutéieren, ewéi ee Verletzungen am Futtball besser verhënnere kann a wichteg Präventiounstipps auszetauschen. D’Zil war et an deem Kontext, och d’Traineren aus de Lëtzebuerger-Veräiner nach besser z’informéieren.
Well beim Futtball e gewëssent Verletzungsrisiko besteet, solle präventiv Übungen an den Training mat agebonne ginn. An deem Kontext, huet d’Fifa de Preventiounsprogramme „Eleven Plus Kids“ entwéckelt, deen op verschiddenen Erfarunge vun Experte baséiert an deen de Verletzungsrisiko reduzéiere soll. Dat Ganzt ass ee komplette Programm, fir sech waarm ze maachen, dee fir Kanner bis 14 Joer ausgeschafft gouf. De Roland Rössler huet matgehollef, dëse Programme, deen aus 7 einfachen Übunge besteet, ze developpéieren.
Mat deem Präventiounsprogramm kann ee virun allem de Risiko vu Knéiverletzungen, Verstauchungen an Iwwerbelaaschtunge reduzéieren. Wichteg ass et virun allem, datt den Trainer d’Spiller motivéiert, de Programm esou dacks a korrekt ewéi méiglech, duerchzezéien. Recherchen hunn nämlech erginn, dat de Programm ee groussen Impakt huet, wann een dacks duerchgefouert gëtt. Dat heescht Spiller aus enger Ekipp, déi de Programm dacks gemaach hunn, hu sech manner verletzt, ewéi anerer aus der Ekipp.
Och eng gutt Erhuelung, no enger Trainingsunitéit oder engem Match, kënnen hëllefen, Verletzungen ze verhënneren. Déi wuel populäerste Methode vun der Regeneratioun sinn de Schlof an d’Auslafen. Futtball-Veräiner loosse sech awer och ëmmer nei Methoden afalen, fir d’Regeneratioun vun de Spiller virunzebréngen. Beispillsweis notzen een Deel vun de Bundesliga-Veräiner kal Duschen.
An och eng gutt Ernierung kann d’Erhuelung fërderen. Wichteg wier et 2 oder 3 Stonnen nom Match nees d’Batterie mat engem Iessen opzelueden. Wärend engem Match oder engem Training verbraucht de Kierper vill Proteinnen a Kuelenhydrater. Fir dëse Verloscht auszegläichen, gëtt recommandéiert 1 bis 2 Liter Flëssegkeet ze drénken. Sief et Waasser, Elektrolytten oder Proteinshaken ze drénken.
Am Verglach zu den 90er Jore gesinn d’Trainingsunitéiten haut anescht aus. Dem DFB-Dokter no, wieren se méi intensiv. Dat wier virun allem drop zréckzeféieren, well och d’Matcher méi intensiv gi wieren. An deem Kontext, wier et wichteg, datt Clibb méi präventiv Übungen an hir Trainingsprogrammer missten integréieren, esou nach den Dokter Tim Meyer.