Route du VinBob Bertemes a Jenny Gloden séchere sech de Championstitel

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass op der Musel fir 63. Kéier d'Route du Vin organiséiert ginn.

De Jan Lukas Becker huet e Sonndeg déi 63. Editioun vun der Route du Vin gewonnen. Den däitsche Leefer huet fir de Semi-Marathon laanscht d’Musel an d’Wéngerten eng Stonn, véier Minutten a 14 Sekonne gebraucht.

Gewënner vun der Route du Vin
Gewënner vun der Route du Vin
© Roland Miny / pressphoto

E Sonndeg sinn och déi nei Lëtzebuerger Championen iwwer déi 21,0975 Kilometer gesicht ginn. De Jonas Kinde (1:08:18) ass als 7. als 1. Lëtzebuerger iwwer d’Linn gelaf, ma krut de Championstitel awer net, well hien de Medico verpasst hat. Den Titel geet domadder un de Bob Bertemes (1:08:47), dat virum Jimmy Keiffer (1:09:53) an dem Christophe Kass (1:11:12).

De Bob Bertemes op der Route du Vin.
De Bob Bertemes op der Route du Vin.
© Roland Miny / pressphoto.rtl.lu

Bei den Damme gëtt d’Jenny Gloden (1:16:23) Championne, dat virum Anne Reiser (1:18:59) an dem Anny Wolter (1:20:02).

Déi belsch Athleetin Charlotte Pennemann (1:14:27) wënnt de Semi-Marathon vun den Dammen.

D'Jenny Gloden op der Route du Vin.
D’Jenny Gloden op der Route du Vin.
© Roland Miny / pressphoto

Mat 5.400 Leefer a Leeferinnen, verdeelt op 5 Courssen, gouf e Sonndeg de Participatiounsrekord vun der Route du Vin gebrach. Eleng schonn um Semi-Marathon waren 3.000 Leefer a Leeferinnen ageschriwwen.

Bob Bertemes a Jenny Gloden séchere sech op der Route du Vin de Championstitel
E Sonndeg ass op der Musel fir 63. Kéier d’Route du Vin organiséiert ginn.

LINK: Déi komplett Resultater fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO