
Béid hunn am September 2019 zesummen um Betzenberg ugefaangen a stounge wärend 40 Matcher un der Säitelinn vun de rouden Däiwelen.
No der 0:3 Defaite géint Türkgücü München huet een elo beim Veräin awer d’Noutbrems gezunn. An der leschter Saison konnt een net iwwerzeegen, an och de Start an déi nei Saison ass net gelaf wéi geplangt.
Ween elo Nofollger vum Schommers wäert ginn, ass nach net gewosst.