
Am Schreiwes e Méindeg ass ze liesen, datt de Yassine Trabelsi iwwer dat lescht Joer eng gutt Aarbecht geleescht huet, dowéinst hätt ee sech decidéiert, säi Kontrakt ëm zwee Joer ze verlängeren.
Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt kritt d’LTF dann och en techneschen Direkter. Iwwer 20 Kandidature gouf et, um Enn gouf de Boris Winkler zeréckbehalen. Den 39 Joer alen Däitsche war a senger aktiver Zäit Deel vun der däitscher Nationalekipp. Dem Winkler säi Kontrakt leeft och iwwer zwee Joer.
Mat dësen Decisioune wëll een de Lëtzebuerger Taekwondo weider fërderen a professionaliséieren. Vill Wäert wëll een dobäi op d’Jugendaarbecht an op eng zukunftsorientéiert Entwécklung vun der Nationalekipp leeën.