Futtball-Datenanalys mat Hëllef vu KIBorussia Dortmund gräift op déi selwecht Technik zeréck wéi d'RTL Live Arena

RTL Lëtzebuerg
De Jeff Kettenmeyer war beim BVB kucken, wéi hei d'Kamera-Technik mat kënschtlecher Intelligenz agesat gëtt a krut och e Bléck hannert d'Kulissen.
Futtball-Datenanalys mat Hëllef vu KI
Borussia Dortmund gräift op déi selwecht Technik zeréck wéi d’RTL Live Arena.

Zanter 2021 gëtt et d‘RTL Sport Live Arena. Hei gi 4 Sportaarten, Futtball, Basket, Handball an och Volleyball am Stream iwwerdroen. Des Kamerae funktionéiere mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz, ginn deemno net vun engem Mënsch gesteiert. Nieft dem Livestream hëllefen des Kameraen awer och an der Trainingsanalys.

Mat Borussia Dortmund notzt ee vun deene gréisste Futtballveräiner an Europa genee déi selwecht Kamerae wéi déi, déi hei am Land hänken. Zanter der Grënnung vun der Dammenekipp ginn iwwert dëse Wee d‘Matcher iwwerdroen an och am Jugendberäich gëtt extreem vill domat geschafft. De Jeff Kettenmeyer war sech déi Saach bei de BVB méi genee ukucken an huet och ee Bléck hannert d‘Kulisse geheit, wéi d‘Firma „Staige“ des Kameraen entwéckelt huet a wéi d‘KI sech an Zukunft nach wäert verbesseren.

RTL Live Arena kënnt dir op rtl.lu kucken, respektiv och op der Tëlee vun der Post.

Sujet am Journal vum 20. November 2024: Datenanalys am Futtball mat Hëllef vu KI
Mat Borussia Dortmund gräift ee vun de gréisste Futtballveräiner an Europa op déi selwecht Technik zeréck wéi d’RTL Live Arena.

Back to Top
CIM LOGO