Iwwerbléck vum WantersportBrasilianer Braathen wënnt Saisonsoptakt am Schi Alpin

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend war déi éischt Manche vum Weltcup am Schi Alpin am finnesche Levi. No den Dammen e Samschdeg waren e Sonndeg d'Hären drun.
© AFP

De Lucas Pinheiro Braathen gewënnt de Slalom zu Levi. Well de fréieren Norweeger elo ënner brasilianeschem Fändel untrëtt, war et domat och déi éischt Victoire vun engem Brasilianer an der Weltcupgeschicht. Fir hie selwer war et déi sechst Victoire am Weltcup.

De Braathen louch schonn am éischten Duerchgang vir a konnt dës Féierung och am zweete Laf virum Clément Noël aus Frankräich (+ 0,31 Sekonnen) verdeedegen. Iwwerraschenden Drëtte gouf de Finn Eduard Hallberg (+ 0,57). Et war den éischte Podium zënter laanger Zäit fir Finnland.

Back to Top
CIM LOGO