
Eigentlech war de Match fir Schalke gutt ugaangen, well si sinn an der 26. Minutt duerch den Embolo mat 0:1 an Féierung gaangen. Bremen huet sech awer net beandrocke gelooss a schonn an der 31. Minutt duerch de Rashica den 1:1 Ausgläich markéiert.
Mat deem Resultat ass et och an d’Paus gaangen.
An der 2. Halschent krut Bremen an der 51. Minutt en 11-Meter zougesprach, dat no Videobeweis. De Kruse huet sech déi Chance net huele gelooss an den 2:1 geschoss.
Schalke huet weider probéiert Drock ze maachen, ma an der 73. Minutt huet et nees an hirem Gol gerabbelt. Et war nees de Rashica, deen no gudder Viraarbecht vum Eggestein den 3:1 fir déi Bremer geschoss huet.
An der 85. Minutt ass et nach emol spannend ginn. Den Embolo konnt säin 2. perséinleche Gol verbuchen, wéi hien e Corner vum Oczipka via Kappball zum 3:2 versenke konnt.
Et ass an de leschte Minutten nach emol hektesch ginn an et goufe 4 Minutten nogespillt... mat dem besseren Enn fir Bremen. Den Harnik gouf an der 94. Minutt vum Möhwald schéin zerwéiert an deen huet dunn de 4:2 fir Bremen geschoss.
Domat gëtt den Drock op de Schalker Trainer Domenico Tedescu ëmmer méi grouss. Schalke huet no 25 Spilldeeg just 23 Punkten a stinn op Plaz 14 an der Tabell.
Werder Bremen huet elo scho 36 Punkten a klëmmt virleefeg op déi 8. Plaz an der Tabell.