
Déi brittesch Regierung huet bis zu 60.000 Zuschauer fir d’Halleffinallen an d’Finall bei der Futtball-Europameeschterschaft zu London zougelooss. D’Regierung hätt enk mat der Uefa an der FA (Football Association) zesummegeschafft, fir sécher ze goen, datt streng Hygiènesmesuren opgestallt ginn, sou de Kultur- a Sportminister Oliver Dowden en Dënschdeg.
D’Auslaaschtung vum Wembley-Stadion gëtt domadder fir d’Matcher op 75 Prozent an d’Luucht gesat.
Visiteure musse virun der Entrée een negative Coronatest oder een Impfpass virleeën.
D’Finall vun der EM ass fir den 11. Juli zu London geplangt. A Groussbritannien steigen aktuell nees d’Infektiounszuelen opgrond vun der Delta-Variant vum Coronavirus.
