BundesligaBVB klappt Leverkusen, Leipzig a Bayern spillen gläich

RTL Lëtzebuerg
Nodeems sech e Freideg Fortuna Düsseldorf an de VFL Wolfsburg d'Punkte gedeelt haten, war et um Samschdeg d'Suite vum 4. Spilldag.

1. FC Köln - Borussia Mönchengladbach 0:1
An deenen éischte 45 Minutte war Gladbach déi besser Ekipp. An der 14. Minutt huet et dunn och eng éischte Kéier an der Këscht vun deene Kölner gerabbelt. De Plea huet fir seng Faarwe markéiert. Embolo, Thuram a Plea waren an der Offensiv vu deene Gladbacher ganz aktiv, hu sech eng Rei gutt Chancen eraus gespillt, mee ware virum Gol net effektiv genuch. Mat 1:0 ass et doduerch an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel huet Köln alles versicht, huet awer virum Gol déi néideg Präzisioun vermësse gelooss. Gladbach wënnt um Enn mat 1:0 zu Köln.

Borussia Dortmund - Bayer Leverkusen 4:0
An der Ufanksphas vun der Partie ass net all ze vill passéiert. Béid Ekippen hu sech bekuckt. Am Laf vun der Partie sinn déi Schwaarz-Giel awer ëmmer méi staark ginn a konnte sech an der 28. Spillminutt belounen. No Viraarbecht vum Hakimi konnt den Alcacer säi 5 Gol an der Saison markéieren. Mat 1:0 ass et dann och an d’Paus gaangen.

Leverkusen ass mat vill Schwong aus der Kabinn komm, mä et war de BVB deen an der 50. Spillminutt duerch de Marco Reus op 2:0 erhéijen konnt. Leverkusen huet alles versicht, mä gelongen ass der Werkself net all ze vill. An der 83. Minutt huet de Guerreiro op 3:0 konnten erhéijen. An der 90. Minutte huet de Reus nach e Gol dropgesat. Um Enn wënnt de BVB mat 4:0.

FSV Mainz 05 - Hertha BSC Berlin 2:1
An engem kierperbetounte Match huet et an der 40. Minutt zu Mainz eng éischte Kéier am Gol gerabbelt. De Quaison konnt den 1:0 fir d’Mainzer markéieren. No der Paus huet Berlin méi investéiert an huet sech an der 83. Minutt belount. Et war de Grujic, deen den 1:1 fir seng Faarwe geschoss huet. Eng spannend Schlussphas stoung um Programm. Béid Ekippe wollten déi 3 Punkten. Sou war et d’Lokalekipp, déi an der 88. Spillminutt duerch de St. Juste nach den 2:1 geschoss huet. De Leonardo Barreiro stoung net am Kader bei de Mainzer.

Union Berlin - Werder Bremen 1:2
2 Rout Kaarten, 1 verschossenen Eelefmeter. Et war eng lass zu Berlin. Um Enn konnte sech awer d’Bremer mat 2:1 zu Berlin duerchsetzen.

FC Augsburg - Eintracht Frankfurt 2:1
Den FCA setzt sech mat 2:1 géint d’Eintracht vu Frankfurt duerch.

RB Leipzig - Bayern München 1:1
De Match huet alles gehalen, wat ee sech vu engem Spëtzematch versprécht. Eng rasseg 1 Halschent hunn d’Spectateuren zu Leipzig gesinn. Déi Münchner sinn honnert a l’Heure gestart an hunn an der 3. Minutt de Score op 1:0 gesat. De Lewandwoski huet no enger Pass vum Müller säi 7 Saisongol geschoss. D’Bayern hunn immens dominant gespillt a sech eng Rëtsch Chancen erausgespillt. D’Effizienz huet awer gefeelt. Sou ass et komm, wéi et komme muss. An der Nospillzäit vun der 1. Halschent huet den Hernandez de Poulsen am Strofraum gefoult. Den Arbitter huet direkt op den Eelefmeterpunkt gewisen. De Forsberg léisst sech net zwee Mol bieden, a schéisst de Ball an de rietsen Eck. Keng Chance fir den Neuer am Gol vun de Bayern. Mat engem 1:1 sinn déi 2 Ekippen an Kabinne gaangen.

An der 2. Halschent ass d’Lokalekipp besser an de Match komm. Béid Ekippen hate Chancen, de Match fir sech ze entscheeden, e Gol ass allerdéngs net méi gefall. Leipzig bleift nom 1:1 weider Éischten an der Tabell.

Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO