
Arizona Cardinals - Detroit Lions 12:30
“Wat war dann do lass”, dierfte sech wuel vill NFL-Fans gefrot hunn. D’Arizona Cardinals, déi virum Match géint d’Lions déi beschte Bilanz aus der Liga haten, hu géint d’Lions, déi iwwerdeems déi schlechste Bilanz haten, mat 12:30 verluer. Domat hätte wuel déi mannste Leit gerechent, ma d’Lions dierft et freeën. Bei der Ekipp vun Detroit konnten direkt e puer Leit iwwerzeegen, dorënner de Quarterback Jared Goff, deen op 216 Passing Yards an 3 Touchdowns koum. Weider huet hie ganzer 21 vu 26 Passen un de Mann bruecht, eng méi wéi passabel Statistik fir de fréiere Rams-Quarterback. Och den jonken däitsche Wide Receiver, den Amon-Ra St. Brown konnt mat 90 Receiving Yards an engem Touchdown op sech opmierksam maachen. Bei de Cardinals konnt offensiv kee wierklech iwwerzeegen, esou datt d’Resultat ënnert dem Stréch verdéngt ass.
Green Bay Packers - Baltimore Ravens 31:30
D’Green Bay Packers dierfte wuel mat déi konstantsten Ekipp aus der NFL den Ament sinn. E Sonndeg den Owend konnt d’Ekipp ronderëm de Star-Quarterback Aaron Rodgers knapps mat 31:30 géint d’Baltimore Ravens gewannen an domat hunn d’Packers dann elo och schonns sécher hir Divisioun gewonnen a stinn domat an de Playoffs. Den Aaron Rodgers huet dann iwwerdeems och nees eng staark Leeschtung gewisen, hie koum op 268 Passing Yards an 3 Touchdowns. D’Ravens hu wuel verluer, ma hunn ouni hire Starting-Quarterback Lamar Jackson missen untrieden. Allerdéngs huet den Tyler Huntley säin Teamkomerod richteg staark vertrueden. 215 Passing Yards, 2 Passing-Touchdowns, 73 Rushing Yards an 2 Rushing-Touchdowns stoungen ënnert dem Stréch do fir den Huntley. Deemno praktesch eng “One Man show” op Säite vun de Ravens, wou den Tight End Mark Andrews, nieft dem Huntley, den eenzege Liichtbléck an der Offensiv war. Duerch dës weider Néierlag vun de Ravens ass och elo nees hir Divisioun richteg spannend. An der AFC North leien déi 4 Ekippen nämlech ganz no beieneen. Bengals 8-6, Ravens 8-6, Browns 7-6 an d’Steelers 7-6-1.
New Orleans Saints - Tampa Bay Buccaneers 9:0
D’New Orleans Saints sinn definitiv den Angschtgéigner vun den Tampa Bay Buccaneers an och vum Star-Quarterback Tom Brady. Éischtens emol hunn d’Saints elo 7 Matcher hannertenee géint d’Bucs gewonnen an zweetens si si déi éischt Ekipp, déi 4 Matcher hannertenee géint den Tom Brady gewannen. Zwou impressionnant Statistiken, déi een nach eemol muss a Relatioun setzen, well dës Saison hu si eemol mat hirem 2. Quarterback an elo esouguer mam 3. Quarterback géint den amtéierende Super-Bowl-Champion gewonnen. Et ass iwwregens och déi éischte Kéier zanter der Woch 15 am Joer 2006, datt den Tom Brady keen eenzege Punkt an engem Match score konnt. Et muss een dann awer och soen: esou intressant d’Statistike sinn, esou onintressant war de Match, op alle Fall, wann ee sech de Score ukuckt. D’Saints wannen um Enn nämlech mat 9:0, deemno konnt d’Ekipp vun New Orleans virun allem defensiv iwwerzeegen.
Wéi gesäit d’Situatioun an der Course ëm d’Playoffs aus?
An der AFC huet sech nach keng Ekipp sécher fir d’Playoffs qualifizéiert. Aktuellem Stand no wieren d’Chiefs, d’Patriots, d’Titans, d’Bengals, d’Colts, d’Chargers an d’Bills mat dobäi, ma mat de Ravens, de Browns, de Steelers, den Dolphins an de Broncos kënne sech nach weider Ekippe Chancen ausrechnen, fir et an d’Playoffs ze packen.
An der NFC si wéi gesot d’Green Bay Packers schonns sécher qualifizéiert fir d’Playoffs, dat allerdéngs als eenzeg Ekipp. Stand e Méindeg de Moie wieren awer och nach d’Cowboys, d’Buccaneers, d’Cardinals, d’Rams, d'49ers an d’Saints an de Playoffs mat dobäi. Washington, d’Vikings an d’Eagles hunn och nach gutt Chancen, do eran ze rutschen.
Kansas City Chiefs - Los Angeles Chargers 34:28
New England Patriots - Indianapolis Colts 17:27
Dallas Cowboys - New York Giants 21:6
Houston Texans - Jacksonville Jaguars 30:16
Tennessee Titans - Pittsburgh Steelers 13:19
New York Jets - Miami Dolphins 24:31
Arizona Cardinals - Detroit Lions 12:30
Carolina Panthers - Buffalo Bills 14:31
Cincinnati Bengals - Denver Broncos 15:10
Atlanta Falcons - San Francisco 49ers 13:31
Green Bay Packers - Baltimore Ravens 31:30
New Orleans Saints - Tampa Bay Buccaneers 9:0
Nach net gespillt:
Las Vegas Raiders - Cleveland Browns
Minnesota Vikings - Chicago Bears
Seattle Seahawks - Los Angeles Rams
Washington Football Team - Philadelphia Eagles