FuttballCarlo Ancelotti zeréck op der Trainerbänk bei Real Madrid

RTL Lëtzebuerg
Wéi déi Kinneklech en Dënschdeg den Owend matgedeelt hunn, ënnerschreift den Italiener e Kontrakt bis 2024.
© AFP (Archiv)

De Retour vum Carlo Ancelotti op d’Trainerbänk vu Real Madrid ass perfekt. Wéi de Veräin en Dënschdeg den Owend matgedeelt huet, ënnerschreift den Italiener e Kontrakt bis 2024 a gëtt e Mëttwoch an der spuenescher Haaptstad offiziell virgestallt.

Den Ancelotti war scho vun 2013 bis 2015 Trainer bei Real Madrid.

Den Italiener gëtt domadder de Successeur vum Zinédine Zidane.

Back to Top
CIM LOGO